Radioen

On air

9 bis 1  |  Benny Sings - Sunny Afternoon

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Netanjahu: Klo virum Internationale Geriichtshaff "absolut feel op där Plaz"

Den Haag

Netanjahu: Klo virum Internationale Geriichtshaff "absolut feel op där Plaz"

Déi südafrikanesch Klo virum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag géingt Israel ass absolut feel op där Plaz. Dat war d’Reaktioun vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu gëschter nom éischten Dag vun dësem Prozess.

auto_stories

1 min

© picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
(Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch)

Hei hätt een et mat enger Welt ze doen, déi op der Kopp steet: eng Welt, an där Israel wéinst Genozid ugeklot gëtt, an enger Zäit, an där d’Land géingt e Genozid kämpft, esou dem Netanjahu seng Analys. Déi südafrikanesch Vertrieder hunn Israel gëschter viru Gericht Vëlkermord mat kloer Intentioun virgeheit. Haut wäert Israel eng éischte Kéier viru Gericht seng Positioun duerleeën.

D’Urteel, wat d’Gericht wäert huelen, ass bindend. Wuel hunn d’UN-Riichter keng Muechtmëttel fir et och duerchzesetzen. Eng negativ Decisioun fir Israel dierft dem Land awer schueden, an den internationalen Drock erhéijen.