D’Hallschent sinn deplacéiert Persounen déi aus aneren Deeler vun der Gazasträif koume well Israel do bombardéiert huet.
Ägypten, fäert elo eng massiv Flüchtlingswell an huet scho Container Dierfer ageriicht.
Trotz Gespréicher gëschter tëscht dem kataresche Premier an dem israeelesche President um Bord vun der Münchener Sécherheetskonferenz, ginn et keng Fortschrëtter an de Verhandlungen tëscht der Hamas an Israel ëm d’Befreiung vun de Geiselen.
Algerien huet ee Vote vun enger Resolutioun am Weltsécherheetsrot fir Dënschdeg ugefrot, an där et ëm eng Waffepaus geet wéinst der humanitärer Situatioun.
D’USA hunn awer mat engem Veto gedreet.