Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Mad Fox - Anna

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nepaleesesch Postkaarte vum Guy Helminger

Post vum Guy: Kathmandu

Nepaleesesch Postkaarte vum Guy Helminger

De Schrëftsteller Guy Helminger war am Nepal ënnerwee, enger jonker, sougenannter Demokratie. Mee et glënnert net alles, vun deem behaapt gëtt, et wier aus Gold. De Verkéier huet et a sech, a bei all Faszinatioun vir Pagoden an Tempelen ass eisen Auteur verschidde reliéis Praktiken dach mat Skepsis begéint.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Keng Strooss ouni Kniet vu Kabelen. Zu Kathmandu, an der nepalesescher Haaptstad, hänkt dat Gewulls iwwerall iwwer mengem Kapp, wéi wann all Famill hier eege Verlängerung vun der Wunneng bis bei den nächste Stroumpotto gezunn hätt. Verschiddener klunschen esou niddereg, datt ech mech mat Respekt drënner duerchbécken.

Faszinéierend Gewurrels

Ech denken u mäi Papp, deen Elektriker bei der Arbed war. Ech mengen hien hätt, esou vill wéi hien ëmmer vu Sécherheet geschwat huet, de Glawen u seng Aarbecht verluer, wann en déi Plotten u Leitungen hei gesinn hätt. Mee offensichtlech funktionéiert et, och wann all Dag ëmmer emol erëm d’Elektresch fir zéng Minutten ausfält.

Dat Gewurrels ass absolut faszinéierend. Direkt deen éischten Dag hunn ech engem jonke Mann op enger Leeder nogekuckt, deen am Gang war dee Schmurri ausernaner ze dividéieren, fir d’Ursaach vun engem Kuerzen ze fannen, mee well et e bëssche laang gedauert huet, hunn ech mech no enger hallwer Stonn dunn awer weider duerch de Verkéier gemaach.

Eng Sinfonie u brutale Geräischer

Kathmandu ass haart, wann een esou wëll, eng Sinfonie u brutale Geräischer, komponéiert vun engem dafe Sadist. Esou fantastesch ech och alles fonnt hunn, ech hu gutt Nerve gebraucht. Bal néirens sinn Trottoiren an ech sinn, wéi all Mënsch, op der Strooss gaangen, verfollegt vu Motorrieder, Autoen an Tuctucs, déi laanscht geflitzt sinn, wéi wann iwwerall Autobunn wier.

Matten op enger Kräizung hunn e puer Läit meditativ Musek gespillt a gesongen. De Verkéier huet sech doduerch awer net berouegt, éischter huet ee gemengt, dat ganzt Getuuts vun de Ween wier den ironesche Versuch, d’Sitarkläng e bësschen opzepeppen.

E Fëschverkeefer, de nawell gutt Englesch geschwat huet a seng Wuer op Holzbrieder laanscht d’Strooss geluecht hat, sot, hie géif de Verkéier net méi registréieren. A sengem Kapp wiere just Geräischer vu Wellen, aus deenen hie seng Kaarpe géif zéien.

E Poet, duecht ech.

Pressefräiheet a Gefor?

Manner lyresch waren allerdéngs seng politesch Usiichten. Wéi mer bei der Fräiheet vun der Press waren, sot hien, all Mënsch kéint sech hautdesdaags Journalist nennen an iergendeppes schreiwen. Dat wier de Problem an net d’Regierung. Alles wier gutt am Nepal, zanter 2015 déi nei Verfassung an domat d’Demokratie agefouert gi wier.

Bei „Reporter ouni Grenzen“ hat ech moies nach eppes anescht gelies. Do huet et geheescht, Journalisten, déi iwwer Korruptioun oder politesch Manifestatioune beriichten, wieren Doudesdreeungen ausgesat, a vun de Parteie bezuelte Bande géifen deen een oder aneren och mat Freed zesummeschloen. Dobäi kënnt, datt d’Regierung Chef vum gréisste Radiosender ass an och d’Hand op enge sëllegen Zeitungen huet.

Durbar Plaz: Historesche Mëttelpunkt

De Fëschverkeefer huet mat engem Client gepotert an ech si weider op d’Durbar-Plaz spadséiert, esou eppes wéi de reliéisen Zentrum vu Kathmandu, op alle Fall den historesche Mëttelpunkt. Eng Hellegkeet nieft där anerer a vill Dauwen. E Gewimmels: Gleeweger an Touristen. Dertëschent Sadhuen a buddhistesch Klouschterbridder, déi wéi Sailen an der Sonn stinn an op Spende waarden.

Fraen aus Rajasthan, déi heihi gepilgert sinn a stonnelaang sangen, Statuen, déi gekësst ginn, en eeleren Här, deen nepaleesesch Mutzen a Fändele verkeeft a Guiden, déi net labber loossen. Eng beandrockend Kuliss u Pagoden, Geräischer an Tempelen.

An an engem vun dëse Gebaier lieft eng Gëttin, „Kumari“ genannt. A well ech nach ni eng lieweg Gëttin gesinn hat, hunn ech mat e puer aneren am Haff gewaart, datt se sech soll weisen. Tatsächlech ass vir 10 Sekonnen d’Gesicht vun engem jonke Meedchen an der Fënster opgedaucht, eescht a staark geschminkt.

Kumari

Eng Kumari, Inkarnatioun vun der hinduistescher Gëttin Taleju, gëtt mat 2-4 Joer opgrond vu bestëmmten Zeechen auserwielt a muss Muttprouwe bestoen, eng Zäit am Däischtere sëtzen, däerf net kräischen, wann eng Schlaang virun hier ausgesat gëtt an änlech Saachen. Wann da kloer ass, datt dat richteg Meedche fonnt ginn ass, geet et an den Tempel op der Durbar Plaz, ouni Spillkomeroden, ouni Elteren. Fréier ass et och keng Schoulbildung ginn, well eng Gëttin jo schonn alles weess.

Eraus geet et net dacks an ëmmer nëmmen an enger Sänft, well d’Hellegkeet net den dreckege Buedem beréiere kann. Wann dann déi éischt Period an der Pubertéit kënnt, ass et eriwwer mat der Gëttlechkeet, an de Wee an en normaalt Liewe vun haut op muer ass net grad einfach.

E Gléck, datt zu Lëtzebuerg keen en ale Schrëftsteller vir eng Gottheet hält.

Lauschterenplay_arrow