Radioen

On air

Notturno  |  ESG - You Make No Sense

play_arrow Live
search

/ Nëmmen nach elektresch Busser an der Stad: Alles ass do, just d’Busser feelen

City Breakfast

Nëmmen nach elektresch Busser an der Stad: Alles ass do, just d’Busser feelen

De Stater DP-CSV-Schäfferot huet haut virun der Press Mesurë fir eng méi nohalteg Stad virgestallt. Klimaneutralitéit soll duerch verschidden Initiative bis 2050 erreecht ginn, esou den CSV-Schäffe Maurice Bauer. D’Zil wier et bis d’Joer 2030 d’CO2 Emissiounen ëm 55 Prozent ze reduzéieren. 

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Deementspriechend wier d’Decisioun geholl ginn, all d’Besoine fir Gasversuergung an de Gebaier vun der Stad Lëtzebuerg duerch Bio-Methan-Gas ze decken. Aktuell géife 37 elektresch Busser an der Staat Lëtzebuerg zirkuléieren. An Zukunft sollen all d’Busser elektresch sinn. Dëst wier awer momentan net esou einfach, betount d’DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

"D'Decisioune sinn geholl, d'Sue sinn do, de Wëllen ass do. Mee d'Busser sinn net do.“

Dee Problem géif och am RGTR bestoen. Do wier virgeschriwwen, datt d‘Busser elektrifizéiert musse ginn. Duerch de Manktem u Busser kënnen déi den Ament net geliwwert ginn.

Iwwerdeems wéilt ee beschtefalls d’Busser am europäesche Raum kafen, fir esou lokal an ëmweltfrëndlech wéi méiglech ze bleiwen.

Gas aus dem Ausland

D’Klimaneutralitéit soll duerch verschidden Initiative bis 2050 erreecht ginn, esou den CSV-Schäffe Maurice Bauer. Dofir sollen och all d’stättesch Busse mëttelfristeg mat Stroum fueren. Dëst soll de Gebrauch vun Diesel reduzéieren.

Gebaier vun der Gemeng, déi mat Gas gehëtzt ginn, sollen iwerdeems just nach op Bio-Methan-Gas zeréckgräifen. Iwwerdeems hätt d’Gemeng och Gas am Ausland kaaft fir d’Klimaneutralitéit ze garantéieren, esou de Maurice Bauer.

"Mir hunn déi Certificaten och a Frankräich misse kafen, vue datt hei zu Lëtzebuerg d'Capacitéit vu Biogas net grouss genuch ass, fir d'Besoine vun enger Stad Lëtzebuerg ofzedecken. Duerch déi Certificate kréie mir och eng ganz grouss Transparenz par rapport zu der europäeschen Direktiven, notamment der Direktiv Corporate Sustainability Reporting Directive."

De Maurice Bauerplay_arrow

Dës Direktiv verlaangt, datt Entreprisë ganz kloer oppe leeën, vu wou hir Stroumsourcë kommen.