De Luis Montenegro trëtt selwer awer nach eemol un. De leschte Sondagen no kéim seng Sozialdemokratesch Partei PSD op ronn 30 Prozent vun de Stëmmen, grad ewéi déi sozialistesch Partei PS mat hirem Spëtzekandidat Pedro Nuno Santos.
Béid Parteie kënne mat ronn 30 Prozent vun de Stëmme rechnen an dierften d‘Course also ënner sech ausmaachen.
Et huet scho bal Traditioun: Déi zwou grouss Volleksparteie wiesselen sech zënter Joren un der Muecht of.
Déi lescht Wallokaler maachen um 21 Auer den Owend hir Dieren zou. Mat éischten offizielle Resultater gëtt géint Mëtternuecht gerechent.