Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neiwalen a Frankräich: Wéi geet et virun?

Nowéie vun den Europawalen

Neiwalen a Frankräich: Wéi geet et virun?

A Frankräich hunn d’Europawale fir staark Nowéie gesuergt. Dem President Emmanuel Macron seng Renaissance Partei kënnt nëmmen op 14,5 Prozent, wäit hannert den 32 Prozent vum Rassemblement national. Seng Ukënnegung fir Neiwale kënnt net ouni Risiko.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Mat dem historesche Resultat gesäit sech de Rassemblement National op enger riichter Linn Richtung Regierung. De Jordan Bardella, Spëtzekandidat vum Rassemblement hat direkt no der Publikatioun vun de Resultater vun den Europawalen Neiwale gefuerdert. Nach virun aacht Auer gëschter Owend huet de Macron du fir den 30. Juni respektiv de 7. Juli Neiwalen ugekënnegt.

Eng Decisioun déi ënner anerem vun de Sozialiste kritiséiert gouf well se dem Rassemblement géif entgéint kommen. De Rassemblement national kritt domadder effektiv eng seriö Optioun deen nächste Schrëtt ze maachen nodeems d’Mëtt-Riets Lager schonn zënter zwee Joer keng absolut Majoritéit méi huet an d’Regéiere ganz komplizéiert ass. De Macron pokert also ganz héich.

Wéi eng Roll spillen déi aner Parteien?

Keng ganz grouss. D’Sozialisten ëm hire Spëtzekandidat Raphael Glucksmann kommen op 14 Prozent vun de Stëmmen. Deen huet gëschter Owend erkläert, datt dem Emmanuel Macron seng Decisioun en extrem geféierlecht Spill mat der Demokratie a mat den Institutioune wier. Déi franséisch Gauche muss sech awer och agestoen dat se alles anescht wéi geschlossen do steet.

D’France insoumise ka sech zwar ob 10 Prozent verbesseren, hannendru sinn et awer déi gréng, déi, wéi a praktesch ganz Europa, ofstierzen. Déi ganz Gauche kënnt zesummen op knapp 30 Prozent vun de Stëmmen, zwee Joer no den Nupes an zënter dem Zesummebroch vun der Koalitioun 2023 ginn déi lénk Parteie momentan hir eege Weeër. Allerdéngs goufen et an Tëschenzäit éischt Stëmmen, déi eng nei Lénksallianz fuerderen. Ob déi 20 Deeg bis bei d’Walen, déi de President elo net ganz anodin decidéiert huet, dofir duerginn, steet awer an de Stären.

Wéi eng Zenarien si lo méiglech?

Virun allem de Langzäitzenario mat de Presidentschaftswalen 2027 steet am Raum. Zwee mol konnt sech den Emmanuel Macron géint d’Marine le Pen duerchsetzen, déi wëll nach eemol untrieden. Ween dann dat biergerlecht Lager vertrëtt, ass nach ongewëss.

Eng Marine Le Pen, déi zënter Joren opgebaut gëtt an e Rassemblement national deen seng extreemste Spëtzen ofgeluecht huet a bis an d’biergerlecht Lager era wielbar ginn ass hätt beschte Chancen, wa se virdrun och nach an der Regierung wier. Fir den Emmanuel Macron wieren dat dräi batter Joer Cohabitatioun. Allerdéngs ginn et mëttlerweil och scho Stëmmen aus dem rietse Block déi de Jordan Bardella wéinst sengem exzellente Resultat als Spëtzekandidat gesinn. Frankräich bleift elo mol virleefeg emol an engem floux politique.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen