Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Néierens an der EU ginn et manner "Offliner" wéi zu Lëtzebuerg

Nei Zuele vun Eurostat

Néierens an der EU ginn et manner "Offliner" wéi zu Lëtzebuerg

Nëmmen 0,41 Prozent vun de 16- bis 74-Järeg hei am Land hunn nach ni den Internet benotzt. Dat ass deen niddregste Wäert vun allen EU-Memberstaaten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Online | © Marvin Meyer / Unsplash play_arrow
Foto: Marvin Meyer / Unsplash

Manner wéi ee Prozent vun de Leit tëschent 16 a 74 Joer hei am Land liewen offline. Nëmmen 0,41 Prozent vun dëser Populatiounsgrupp am Grand-Duché hunn den Internet nach ni benotzt. Dat ass deen niddregste Wäert vun allen EU-Memberstaaten. 

Just Norwege läit virum Grand-Duché

Mat sengem Wäert läit Lëtzebuerg souguer däitlech ënnert dem Duerchschnëtt vun de Staate vun der Europäescher Unioun. An der EU-Moyenne sinn et sechs Prozent vun de Leit tëschent 16 a 74 Joer, déi d’lescht Joer gesot hunn, nach ni online gewiescht ze sinn.

Een nach bessere Wäert wéi Lëtzebuerg huet den Net-EU-Staat Norwegen.

Aner EU-Staate mat manner wéi engem Prozent vu Leit an dëser Altersgrupp, déi den Internet net notzen, sinn Dänemark, Holland a Schweden, esou d’Zuele fir 2023 vum statisteschen Amt Eurostat.

5% Prozent vun den Däitsche waren nach ni online

Dee gréissten Undeel vu Leit, déi offline liewen, gëtt et an der EU a Kroatien, Griicheland, Portugal a Bulgarien, mat all Kéier engem Wäert vu méi wéi zéng Prozent vun de 16 bis 74 Järegen.

Fir Mënschen ouni Internet gëtt den Alldag ëmmer méi schwiereg, esou dat statistescht Bundesamt an Däitschland. An Däitschland waren am Joer 2023 gutt fënnef Prozent vun der Populatiounsgrupp sougenannten “Offliner”. Dat si méi wéi dräi Millioune Leit.

An de béiden aneren Nopeschlänner, an der Belsch an a Frankräich, waren d’lescht Joer ronn 3,2 Prozent, respektiv ronn 4,2 Prozent vun de Leit tëschent 16 a 74 Joer offline.

De Schätzunge vun der UNO no huet 2023 ronn een Drëttel vun der Weltbevëlkerung keen Internet benotzt. Dat ware weltwäit 2,6 Milliarde Mënschen.

Lauschterenplay_arrow