search

/ Neien DAP "Agent polyvalent de l'Armée": Militärzäit zielt zu den Ausbildungsjoren

Verteidegung

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Neien DAP "Agent polyvalent de l'Armée": Militärzäit zielt zu den Ausbildungsjoren

Zaldoten kënnen no hierer Zäit an der Lëtzebuerger Arméi hir militäresch Erfarung vun elo un duerch e staatlech unerkannten Diplom valoriséieren. Den Educatiounsminister Claude Meisch an d’Defenseministesch Yuriko Backes hunn haut en neien diplome d’aptitude professionelle virgestallt.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Mam DAP soll engersäits d’Attraktivitéit vun der Arméi gestäerkt ginn, an anerersäits den Zaldoten den Iwwergang an d’Beruffsliewen méi einfach gemaach soll ginn. 

Véier Joer Déngscht fir e staatlech unerkannten Diplom 

D'Kompetenzen, déi d'Zaldote wärend hirer Militärzäit gesammelt hunn, ginn als déi éischt zwee Joer vun der Beruffsausbildung unerkannt. Si mussen da just nach dat drëtt Joer maachen, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch (DP). 

"Wichteg ass awer och, datt den Ofschloss eigentlech dee selwechten ass vun der Methodologie hier, wéi wann ech en aneren DAP maachen. Dat schléisst ëmmer mat engem Projet intégré final of, wat quasi den Examen ass, an dat och beleet, datt hei, obschonn et an enger anerer Form stattfonnt huet, déi Formatioun, datt awer d'Wäertegkeet dovunner genau déi selwecht ass.“

An dësem Ausbildungsjoer stinn ënner anerem Sproochen, Informatik, Ekonomie, an Administratioun um Programm. Eng Première oder Treizième brauch een dofir net, erkläert den Direkter vum Lycée technique vun Ettelbréck, de Fränk Fries.

"Et ass esou, datt mir eis och op déi aner DAPen, genau d'selwecht dorobber alignéiert hunn. Dat heescht, fir dësen DAP brauch een eigentlech eng Cinquième. Awer mer huelen do all Niveau vun der Cinquième mat eran an da kann een den DAP, Agent polyvalent de l'armée, da maachen."

Éischt Diplomer am Summer 2027

Mam Diplom sollen d'Zaldoten duerno ënner anerem am administrativen a logistesche Beräich schaffe kënnen, an dat a staatlechen a private Verwaltungen. Am ëffentlechen Déngscht gëtt den DAP Zougang zu Posten an der Karriär C1. D’Regierung hofft mat dësem Diplom och d’Arméi als Patron méi attraktiv ze maachen, dozou d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes. 

"Wat wichteg ass, ass datt d'Zäit an der Arméi net eng Paus an engem senger Karriär oder a sengem Liewe soll sinn, mee et soll am Fong e Sprangbriet sinn zu eppes Anerem. An dat ass, wat mer heimadder wierklech erméiglechen, datt d'Engagement an der Arméi dann och wierklech unerkannt gëtt." 

Déi éischt eelef Participante sollen hiren Diplom am Summer 2027 kréien.

play_arrow Lauschteren