D'Appeller vu senger Gewerkschaft am Kontext Inclusioun an de Grondschoulen hätte bis elo nach keng Friichte gedroen, huet hie bedauert. De leschten Oktober hat den SNE an enger Campagne gewarnt, datt d'Inclusioun hir Limitten hätt. Dobäi géif et ëm déi néideg Ressourcen um Terrain goen.
“Wa mir all Kand wëllen an der Schoul hunn, da brauche mir déi Ressourcen, déi och all Kand brauch. An déi hu mir fir de Moment net. Den Enseignant huet haut net genuch Ressourcen, fir all Kand kënne gerecht ze ginn. Den Enseignant, dee méit sech all Dag fir deene Kanner gerecht ze ginn, déi spezifesch Besoinen hunn. (...) Mee den Enseignant huet nëmmen 100 Prozent, fir sech ëm all Kanner ze këmmeren. Awer e probéiert, an e gëtt all Dag méi wéi 100 Prozent, fir eeben all deenen Defie gerecht ze ginn. An dofir, dat geet iergendwann eng Kéier, geet dat net méi. An iergendwann eng Kéier klappt den Enseignant zesummen.”
"Enseignant huet nëmmen 100 Prozent"
Et géifen definitiv reegelméisseg där Fäll ginn, huet de Patrick Remakel, President vum SNE/CGFP, bedauert.
“Mir hunn ëmmer méi Leit, déi an de Burnout falen. Mir hu Leit, déi souguer am Burnout sinn an awer schaffe kommen, well si soen, wann ech net schaffe ginn, wie kënnt dann dohinner, fir mat där Klass eens ze ginn? Dat heescht, d'Leit schaffen op der Limitt a souguer wäit un der Limitt eraus.”
De President vum Syndicat National des Enseignants Patrick Remakel huet och op d'Statistiken higewisen, datt ëmmer méi Enseignanten an Deelzäit wéilte goen. D'Leit géife soen, si géifen "et net méi packen". Beim "Haaptchantier" Inclusioun bräicht ee vum Educatiounsministère fir d'Rentrée Léisungen, "well soss kollabéiert d'Schoul", esou de Patrick Remakel.
De Projet fir d'Alphabetiséierung och op Franséisch
Vun der iwwernächster Rentrée un, sollen d'Kanner op Däitsch oder op Franséisch kënnen alphabetiséiert ginn. Seng Gewerkschaft SNE/CGFP wier net géint eng Alphabetiséierung op Franséisch, huet de Patrick Remakel am 100,7-Interview kloergestallt.
“Den SNE ass der Meenung, datt d'Alphabetiséierung op Franséisch definitiv eng Léisung ka sinn, fir eng Rei Kanner. Ganz sécher net fir alleguerten d'Kanner, mee mir mussen och aner Weeër kucken, wéi zum Beispill Deutsch als Zweitsprache musse mir kucken, fir eeben, fir Léisungen ze fannen.”
Fir eng Reform, wéi dëse Projet Alpha ze maachen, bräicht een eng "positiv Stëmmung" um Terrain, fir datt d'Enseignante mat géife goen, huet de President vun der Enseignantsgewerkschaft verlaangt. An esou eng Stëmmung géif et de Moment net ginn.
“Mir hunn einfach ze vill Problemer am Moment, a mir hu virdrun doriwwer geschwat, d'Inklusioun ass dee gréisste Chantier, dee mir am Moment hunn. A wa mir do net schnellstens Léisunge fannen, fir datt d'Enseignante méi positiv sinn, da riskéiere mir, dass dee Projet Alpha do net reusséiert.”
Den SNE/CGFP géif virun allem den Timing vum Projet kritiséieren: d'Schoule wieren nach net alleguerte prett, esou de President Patrick Remakel. Wann een einfach vun 0 op 100 geet, géif een "ze vill op d’Spill setzen".