De Coordinateur vum FSCL, de Fränk Schleck, huet do och en neie Projet vum engem “Centre de Formation” presentéiert. Zil dovu wier et, jonk Coureuren an hirer Entwécklung ze ënnerstëtzen. Bis zu de Kategorien U19 an U23 kann een an dee Kader vum Centre de Formatioun kommen, erkläert de Fränk Schleck.
"Et geet eis dorëms, dass verschidden Alterskategorie verschiddener dat si Virreider. Déi aner brauche méi laang. Mir wëllen eis Kanner awer och an eis Athleeten esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzen."
Dozou géif dann och eng gutt Zesummenaarbecht mat de jeeweilege Clibb gehéieren, esou nach de Fränk Schleck. Trainéiert gëtt am Centre de Formation iwwerdeems fir Coursë mam Stroossevëlo, Cyclocross an och mam Mountainbike.