Radioen

On air

Notturno  |  Salami Rose Joe Louis - Akousmatikous Feat. Soccer96

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Neie Pacte Logement: Gilles Roth weist sech zefridden, LSAP mat Kritik

Logement

Neie Pacte Logement: Gilles Roth weist sech zefridden, LSAP mat Kritik

De Pacte Logement ass gëschter an enger gemeinsamer Sëtzung vun der Logements- an der Finanzkommissioun virgestallt ginn. Et wier ee ganz konstruktiven Austausch gewiescht, esou de Finanzminister Gilles Roth. Kritik koum awer vun der LSAP.

auto_stories

1 min

Et hätt ee mat deem Pak e weidere Punkt aus dem Regierungsprogramm geliwwert, an et wier och un d’Locatairë geduecht ginn. Mam Crédit de location kréie Leit e Steierkredit, wa si eng Wunneng fir de Locatiounszweck schafen, erkläert de Gilles Roth.

Weider wier am Pakt och virgesinn, datt e Betrib, dee Wunnenge fir Salariéen zur Verfügung stellt, steierlech entlaascht gëtt.

Fir d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert feelt et allerdéngs un Ambitiounen. Et wiere bescheide Proposen, a si géif et ënner anerem kritesch gesinn, datt d’Entlaaschtunge vun de Loyeren iwwer d’Patrone lafe sollen, esou d’Paulette Lenert.