Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neie Bilan no den Äerdbiewen a Japan: 65 Doudeger an enorme Materialschued

Japan

Neie Bilan no den Äerdbiewen a Japan: 65 Doudeger an enorme Materialschued

Op elo 62 Doudeger ass de Bilan vun der Äerdbieweserie a Japan geklommen. Dobäi kommen eng 300 Blesséierter, dervunner 20 méi uerg.

auto_stories

1 min

De Schued u de Gebaier an un der Infrastruktur ass ganz héich. Méi wéi 150 Nobiewe goufe gezielt. De ganzen Ausmooss vun der Zerstéierung ass nach guer net erfaasst. Mëttlerweil hunn d‘Opraumaarbechten ugefaangen.

Wéinst Bullis-Lawinen an opgerappte Stroossen ginn et Problemer bei der Sich no Iwwerliewenden.

Déi ganz Dimensioun vun den Zerstéierunge wier nach net ofzegesinn, esou haut japanesch Medien.

Eng Rei Dierfer soll nach ëmmer vun der Bausse-Welt ofgeschnidde sinn.