Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neie Bilan am Iran: 89 Doudeger no Explosiounen

Selbstmordattentat

Neie Bilan am Iran: 89 Doudeger no Explosiounen

Zwee Deeg no de Selbstmordattentater am Iran ass de Bilan vun den Doudesaffer op 89 geklommen. Deemno si weider Mënschen un hire Blessure gestuerwen, esou d‘Staatsmedien.

auto_stories

1 min

Ënnert den Doudege sollen och eng Dose Kanner gewiescht sinn. Bei enger Trauerzeremonie fir d‘Affer an der Stad Kerman hu Vertrieder vun der iranescher Staatsspëtzt hire Feinde gedreet. Et gouf och weider Arrestatiounen am Zesummenhang mat der Attack beim Graf vum iranesche Generol Soleimani.

D‘Terrormiliz Islamesche Staat hat d‘Dot gëschter fir sech revendiquéiert. Et war déi déidlechst Attack an der ronn 45-järeger Geschicht vun der islamescher Republik.