search

/ Neie Beetebuerger Buergermeeschter: "Elo si mir prett fir ze wuessen"

Lokal

|
headphones

2 min

Neie Beetebuerger Buergermeeschter: "Elo si mir prett fir ze wuessen"

Als aachtgréisste Gemeng ass Beetebuerg weesentlech manner séier gewuess wéi aner Gemenge vun där Gréisst. An de leschten 10 Joer ass d'Gemeng ëm eppes méi wéi 1.000 Awunner gewuess. Dat wier esou gewollt, seet deen neien CSV-Buergermeeschter, de Jean-Marie Jans.

headphones

2 min

Jean-Marie Jans  | © Ana Angel
(Foto: Ana Angel)

De Jean-Marie Jans huet de Poste vum Buergermeeschter vum Laurent Zeimet iwwerholl. Deen hat am Januar säi Récktrëtt ugekënnegt, fir sech op säin neie Posten als Fraktiounspresident vun der CSV kënnen ze konzentréieren. 

Net laang gezéckt 

Datt de Laurent Zeimet op hien duerkomm wier, fir säi Posten ze iwwerhuelen, wier zimmlech iwwerraschend komm fir hien. Hien hätt awer net laang mussen iwwerleeën, esou de Jean-Marie Jans. 

"Ech hu mäi ganzt Liewen an där Gemeng verbruecht. Dat Amt ass ee wichtegt Amt an der Gemeng. An ech ginn et och un, mat vill Respekt, mat vill Motivatioun an och mat vill Freed." 

Als aachtgréisst Gemeng vu Lëtzebuerg ass opfälleg, datt Beetebuerg wesentlech manner séier gewuess ass wéi aner Gemenge vun där Gréisst.

Luese Wuesstem war e bewosste Choix 

An de leschten zéng Joer ass d'Duerf vun 10.400 op 11.600 Awunner:inne (Stand: 1. Januar 2025) gewuess. Dat wier ee bewosste Choix gewiescht, erkläert den CSV-Buergermeeschter. 

"Eis ass bewosst, datt mir mussen Infrastrukturen hunn, éier mir wierklech kënne wuessen. Besonnesch Schoulinfrastrukturen." 

Och Sportshalen a Maison-relaisen, grad wéi ganz Schoulcampussen, hätt ee fir d'éischt wëllen op d'Bee stellen, éier een eng Vergréisserung géif lancéieren. 

"Elo si mer prett fir ze wuessen. Mir mussen nach d'Schoul am Duerf erneieren an da si mir wierklech prett." 

Scholde wieren net ëmmer schlecht 

Beetebuerg ass dowéinst awer och déi zweethéchst verschëlte Gemeng zu Lëtzebuerg, mat ronn 10.500 Euro Schold pro Awunner:in. Domat géif een als Gemengepolitiker duerchaus konfrontéiert ginn, esou de Jean-Marie Jans. 

"D'Äntwert muss dann ëmmer sinn, datt Schold a priori näischt Schlechtes ass." 

Et hätt ee mat där Schold Wichteges fir d'Gemeng geschafen. An der Comptabilitéit géif ee leider ëmmer just d'Scholden erëmfannen an net dee Wäert, deen ee geschafen hätt, seet de Jean-Marie Jans. 

Ob deen neien CSV-Buergermeeschter sech och bei den nächste Gemengewale fir de Posten opsetzt, schléisst de Jean-Marie Jans net aus.