Gëschter war am Gemengerot festgehale ginn, datt Renovéierung ofgebrach gëtt. Kuerz viru Chrëschtdag gouf de Gemengerot doriwwer informéiert, datt et gravéierend Mängel um Gemengenhaus ginn, déi enger Sanéierung géifen am Wee stoen.
Baumängel réischt méi spéit opgefall
Ënner anerem wéinst Dallen, déi vill méi dënn sinn, wéi dat dokumentéiert war, wéinst enger schlechter Bëtongsqualitéit a méigleche Problemer beim Brandschutz huet den Déifferdenger Gemengerot um Mëttwoch unanime gestëmmt fir d’Renovatioun um Gemengenhaus net fäerdeg ze stellen. Déi war nämlech schonn amgaangen.
D’Ausmooss vun de Baumängel, déi lo dozou féieren datt dat ganzt Gebai muss ofgerappt ginn, wiere relativ onerwaart entdeckt ginn. Eréischt nodeems d’Aarbechten ugefaangen hätten, wéi den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch seet.
“De Summarium vun deene Mängel ass dann dunn zur Conclusioun komm, datt mer mussen ofrappen an nei bauen.”
Guy Altmeisch: "Estimatioune sinn identesch"
Doriwwer wat dat um Enn kaschte wäert, ginn et allerdéngs ënnerschiddlech Vuen. Dem Guy Altmeisch no géif sech um gesamte Käschtepunkt um Enn net vill änneren. D’Dimensioune vum neie Gebai géifen d’nämmlecht bleiwen, wéi wann een dat alt renovéiert hätt.
“Do sinn déi Estimatiounen, déi eis virleien, déi sinn identesch. Well eng Renovatioun, gëtt et och net méi bëlleg."
CSV-Schäffe fir d'Baute schléisst méiglech Méikäschten net aus
An engem Communiqué, deen d’Gemeng um Mëttwochmoie verschéckt huet, war vun engem “Surcoût” vun enger Millioun Euro fir deen neie Projet Rieds. Dee géif sech allerdéngs op d‘Viraarbechte fir déi geplangte Renovéierung bezéien, déi elo am Endeffekt net stattfënnt. An net op de neie Projet vum Gemengenhaus. Dat huet eis den CSV-Schäffe fir d'ëffentlech Bauten Tom Ulveling op Nofro hin erkläert.
Och hie betount awer, datt et fir dat neit Gebai gëtt nach guer keng ausgeräifte Pläng gëtt. Dofir kéint ee, senger Meenung no, elo och nach net genee soe, wéi vill deen neie Projet da schlussendlech kaschte géing, esou nach den Tom Ulveling, deen net ausschléisst, datt Méikäschte kéinten opkommen.