Radioen

On air

Sot Emol  |  Say She She - Astral Plane

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Tarifstruktur: Leit, déi vill investéiert hunn, sollen net bestrooft ginn

Lex Delles

Nei Tarifstruktur: Leit, déi vill investéiert hunn, sollen net bestrooft ginn

Bei der neier Tarifstruktur fir de Stroumreseau géif et net ëm d’Fro goe vu méi oder manner bezuelen, mee dorëms, datt de Reseau net muss iwwerméisseg ausgebaut ginn: Dat sot den Energieminister am spéide Freidegmoien am Zesummenhank mat der neier Tarifstruktur bei de Stroumnetzkäschten, déi den onofhängege Regulateur ILR zesumme mat den Netzbedreiwer decidéiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Lex Delles | © MFIN / SIP play_arrow
Den Energieminister Lex Delles. (Foto: Archiv/MFIN / SIP)

De Lex Delles betount an deem Kontext, datt et vum Januar un drop ukënnt, wéini de Stroum gebraucht gëtt, an ob een es zu engem gewëssene Moment ganz vill brauch.

Fossill Energie bleift méi deier

Et wier wichteg ze sensibiliséieren, ënnersträicht de Minister. Déi Aufgab soll d’Klimaagence iwwerhuelen. Si krut allzäit vum Lex Delles den Optrag, fir dem Verbraucher déi néideg Erklärungen ze ginn, iwwert de Wee vu Campagnen, fir eventuell Gebrauchsspëtzten erauszekréien.

Och géifen déi Leit, déi vill investéiert hunn, net bestrooft ginn: Wann een zum Beispill op Elektromobilitéit gesat an och eng Wärmepompel huet, da géif dat nach ëmmer méi bëlleg gi mam Elektreschen, wéi wann ee mat fossillen Energië fuere géif.

Gewunneschten änneren

D’Zil ass et also an noer Zukunft, fir de Reseau ze optimiséieren.

"Réseau optimiséieren heescht, dass ech net grouss Pointen dran hunn, also Momenter, wou ech ganz grouss Leitunge brauch an déi och voll notzen, well nämlech zu engem gewëssene Moment all d’elektresch Autoe matenee geluede ginn, d’Wärmepompelen all matenee lafen, d’Wäschmaschinnen, d’Trockneren, d’Kachmaschinnen all matenee lafen, dass ech also ganz grouss Réseausschwankung dran hunn."

Et misst ee sech d’Fro stellen, ob ee säin Auto, wann een en unhänkt, direkt sou séier wéi méiglech op 100 Prozent luet? Oder ob een en net éischter, wann een e souwisou an der Nuecht stoe léisst, iwwer eng gewëss Zäit méi lues luet?

Zu gudder Lescht, sou den Energieminister, géife Sonnepanneauen op den Diech weiderhi gefërdert ginn, fir manner ofhängeg ze si vum Energieakaf a fir selwer Energie ze produzéieren.

Lauschterenplay_arrow