Nieft de neien Anti-Abroch a Sécherheets-Infrastrukturen sollen och weider Mesuren zum Schutz vum Louvre agefuert ginn, dat heut déi franséisch Kulturministerin Rachida Dati annoncéiert.
Administrativ Enquête
D‘Ministesch sot och, eng administrativ Enquête géif weisen, datt de Risiko vun Abréch am Louvre wärend gutt 20 Joer ënnerschat gouf. Et wier kloer, datt een net méi sou kéint weider maachen, an dofir wären urgent Mesure néideg, esou d‘Rachida Dati op TF1.
Een vun de presuméierten Abriecher
Vu de geklaute Bijoue mat engem Wäert vun 88 Milliounen Euro feelt weiderhin all Spuer. Gëschter hat de Paräis Parquet mat gedeelt, datt weider 5 Verdächteger virleefeg festgeholl an ënnert Garde a Vue gestallt goufen, dorënner wier ee vun de presuméierten Abriecher. Virun enger knapper Woch scho waren zwee Männer festgeholl ginn déi zum Kommando vun dësem Abroch solle gehéieren.