Zanter dem Ufank vum Joer si bis elo 2.036 Asyldemanden hei gestallt ginn. Déi meescht aus Eritrea, Sudan a Syrien. Déi Zuelen huet den Ausseministère haut matgedeelt. 70 Leit hunn am Oktober Asyl accordéiert kritt. Domat klëmmt d‘Zuel vun de Leit, déi de Flüchtlingsstatut kritt hunn, dëst Joer op 605.
80 Persounen hunn am Oktober och déi temporär Protektioun ugefrot. Dat ware Leit aus der Ukrain. 850 Ukrainer hunn zanter dem Ufank vum Joer ugefrot, fir hei temporär opgeholl ze ginn. Domat si knapp iwwer 4.400 Ukrainer zu Lëtzebuerg.