Radioen

On air

Notturno  |  Michael Hurley - Are You Here For The Festival

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Primme fir d'Klimabonusse fir d'Wunnen a Mobilitéit

Vum 1. Oktober un

Nei Primme fir d'Klimabonusse fir d'Wunnen a Mobilitéit

Op den éischten Oktober gräift eng Reform vun de Primmesystemer fir klimagerecht Wunnen a Mobilitéit. D‘Primme ginn net ofgeschaaf, mee si gi generell no ënnen ugepasst respektiv méi no soziale Krittäre gestaffelt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Am mannsten ännert beim Klimabonus fir d‘Wunnen. Fir energeetesch Renovatioun inklusiv mechanesch Lëftung si weiderhi 25 Prozent Primm fälleg. Ween seng Gas-, Mazout- oder elektresch Heizung duerch eng Wärmepompel oder en Holzheizkessel ersetzt, kritt weiderhi 50 Prozent vun den Installatiounsfraise bäigeluecht.

Anescht gesäit et bei de Photovoltaikanlagen aus: Fir all Installatioun déi vum 1. Oktober u bestallt gëtt ass just nach eng Primm an Héicht vu 50 Prozent fälleg am Plaz 62,5 Prozent, wéi dat bis elo de Fall war. Dat gëllt fir all Anlagen déi haaptsächlech Stroum fir den eegene Verbrauch produzéieren a bei deenen de Verkafspräis vum Stroum net garantéiert ass.

Primm fir E-Auto nach maximal 6.000 Euro

Och beim Volet Mobilitéit ginn et Changementer: 6.000 Euro Primm am Plaz vu bis elo 8.000 Euro si fälleg fir E-Autoen déi manner wéi 16 Kilowattstonnen op 100 Kilometer verbrauchen. Oder awer fir E-Autoe mat siwen oder méi Sëtzer wann de Stot aus op d‘mannst 5 Persoune besteet a fir elektresch Camionnetten a Gefierer mat Waasserstoff-Brennstoffzell.

Déi Primm geet op 3.000 Euro erof wann ee méi e leeschtungsstaarke E-Auto keeft deen tëscht 16 an 18 Kilowattstonnen op 100 Kilometer verbraucht.

D‘Primme fale ganz ewech fir E-Autoen déi méi wéi 20 Kilowattstonn pro 100 Kilometer verbrauchen oder méi wéi 18 Kilowattstonne pro 100 Kilometer verbrauche bei enger Leeschtung vun iwwer 150 Kilowatt.

Ze soen nach dat Elektroautoe mat Primm 3 Joer laang net dierfe verkaf ginn.

Nei Primm fir elektresch Occasiounsautoen

Vun dësem 1. Oktober u gëtt et dann och eng Primm an Héicht vun 1.500 Euro fir elektresch Occasiounsautoen, déi mussen dee Moment op d‘mannst dräi Joer al sinn.

Primme fir Vëloen an elektresch Vëloe gi just nach u Leit ausbezuelt, déi d‘allocation de vie chère bezéien. Fir Cargobikes kënne bis zu 1.000 Euro accordéiert ginn. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Klima
Politik a Gesellschaft