Radioen

On air

Notturno  |  Weyes Blood - It's Not Just Me, It's Everybody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Gespréicher iwwer iraneschen Atomprogramm

USA an Iran

Nei Gespréicher iwwer iraneschen Atomprogramm

D'Treffe soll e Samschdeg am Oman stattfannen. Wéi den Ausseministère zu Teheran confirméiert, soll mam US-Emissär Steve Witkoff indirekt verhandelt ginn.

auto_stories

1 min

Den US-President Donald Trump hat scho gëschter um Méindeg eng nei Ronn an de Gespréicher ugekënnegt. Dat wieren déi éischt zanter Méint voller Tensiounen. Direkt Gespréicher refuséiert den Iran awer weiderhin. Amplaz solle Vermëttler d'Messagen tëscht béide Säiten iwwerdroen.