Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Etüd: Weltwäit Klimaschutz-Efforte ginn net duer

Trotz ëmmer méi Elektroautoen

Nei Etüd: Weltwäit Klimaschutz-Efforte ginn net duer

D‘Efforte beim Klimaschutz weltwäit ginn net wäit genuch. Dat weist eng nei Etüd vun dräi weltwäit aktive Klima-Instituten. An der Etüd geet d‘Paräisser Klimazil vu 1,5 Grad Erwiermung op déi eenzel Secteuren ofgerechent.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Rupert Oberhäuser | Rupert Oberhäuser
(Foto: picture alliance / Rupert Oberhäuser | Rupert Oberhäuser)

De Bilan wier trist, heescht et. Virun allem an de Secteuren Energie, Industrie, Transport an Ëmbau vun der Landwirtschaft géif et net séier genuch weidergoen. Eenzege Liichtbléck wieren d‘Verkafszuele vun Elektro-Autoen, déi permanent klammen.

Solar- a Wandinstallatiounen hunn zwar ëm 14 Prozent pro Joer zougeholl, néideg wieren awer 25 Prozent. Klimaschiedlech Subventioune fir fossil Brennstoffer hätte sech souguer verduebelt.