Radioen

On air

Notturno  |  Fortunato Durutti Marinetti - Misfit Streams

play_arrow Live
search

/ Nei EU-Gentech-Reegelen: Den Debat ass knapps lancéiert

Europa

Nei EU-Gentech-Reegelen: Den Debat ass knapps lancéiert

D'Propos vun der EU-Kommissioun fir d'Reegele fir Gentech-Planzen ze labberen, gëtt vun de Memberlänner éischter positiv opgeholl. Lëtzebuerg gehéiert zu deene méi kritesche Länner.​

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Gentechnik | © Erwan Hesry / Unsplash play_arrow
Europäesch Konsumenten- an Ëmweltschutz-Organisatiounen awer warne virun de Suitte vu Gentechnik. (Foto: Erwan Hesry / Unsplash)

Lauschterenplay_arrow

Déi nei Reegele soen ënner anerem, datt Planzematerial, datt duerch déi sougenannte Crispr/Cas Schéier genetesch verännert gouf, net extra muss gezeechent ginn.

Am Agrarsecteur gëtt deels ongedëlleg op gréng Luucht vu Bréissel gewaart. Zu Lëtzebuerg ass zum Beispill de President vun der Bauerenzentral dofir. Dat sot de Christian Wester der Wochenzeitung Woxx an ënnersträicht, datt d’Praxis mat där Gen-Schéier d’Ziichtung massiv acceleréiere kéint.

Lëtzebuerger Agrarminister: Kommissioun muss nobesseren

Den Debat doriwwer awer huet och zu Lëtzebuerg nach net wierklech ugefaangen. An de Walprogrammer fënnt een am Fong kaum eppes zu deem soss hefteg debattéierte Sujet.
Europäesch Konsumenten- an Ëmweltschutz-Organisatiounen awer warne virun de Suitten. An och de Lëtzebuerger Agrarminister mécht sech Suergen. De Claude Haagen verweist op d’Praxis an drop, datt et och an Zukunft wichteg ass, Gentech vun Net-Gentech ze ënnerscheeden.


“Eis stéiert bei där Propose, datt verschidde Kaderen nach net esou ofgegrenzt sinn, wéi se sollen ofgegrenzt sinn. Fir de Producteur a fir de Verbraucher muss dee Kader kloer sinn. D’Kommissioun muss hir Propos änneren."

Majoritéit vun de Länner dofir

Ënnert deene méi skeptesche Länner sinn och Éisträich an Däitschland. Anerer, an dat ass d’Majoritéit, betoune virun allem de Virdeel vun där neier Technik. Virun allem Frankräich dréckt drop, datt et séier geet mat der Labberung vun de Reegelen. Engem éischten Debat kuerz virun der Summerpaus no steet och d’Europaparlament hannert deem Plang.

Kritesch Stëmmen am Parlament, wéi d’Maria Noichl vun der däitscher SPD, awer verweisen op een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff.

“Der Europäische Gerichtshof hat ein eindeutige Einstufung gemacht, nämlich dass die neue Züchtungsmethoden Gentechnik sind und unter dem Gentechnik Label vor allen Dingen im Hinblick auf den Verbraucherschutz zu sehen sind”.

Europaparlament: Kritik vu Gréngen a Sozialisten

Fir déi gréng brécht d’Kommissioun mam Prinzip vun der Koexistenz an deem vun der Precautioun. De gréngen Europadeputéierte Martin Häusling seet dozou Folgendes:

"Sie haben gesagt, der Verbraucher und die Bauern akzeptieren keine Gentechnik also erkläre ich sie zur normalen Züchtung. Das ist doch im Kern das, was Sie hier vorlegen. Das ist keine wissenschaftliche Entscheidung sondern eine politische Entscheidung."

Decidéiert ass nach näischt. Op mannst op EU-Niveau geet den Debat virun. Souwuel am Parlament wéi ënnert de Memberlänner.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.