search

/ Nei Dokumenter weisen: Donald Trump u Bord vum Fliger vum Jeffrey Epstein

Epstein-Files

|
headphones

2 min

Nei Dokumenter weisen: Donald Trump u Bord vum Fliger vum Jeffrey Epstein

D‘US-Regierung huet Dausende weider Dokumenter zum Fall vum Sexualverbriecher Jeffrey Epstein online gesat. D‘Dateie wieren an der Nuecht op en Dënschdeg e puer Stonne laang op der Websäit vum Justizministère disponibel gewiescht fir erofzelueden. E ganze Koup Linke wieren awer eidel gewiescht.

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey)

Ënner den Dokumenter déi online accessibel ware solle Regierungsdokumenter, E-Mailen a Videoe vun de Prisongsautoritéiten gewiescht sinn.

Dorënner wier och een Austausch tëschent Prisongsbeamten iwwer dem Epstein säi psycheschen Zoustand ze fanne gewiescht, een Dokument wat op nëmme puer Woche virun dem sengem Doud datéiert gewiescht wier. 

Trump am Privatfliger vum Epstein

Der AFP no wieren och Videoen dobäi gewiescht vun den Iwwerwaachungskameraen aus dem Prisong, wéi den Epstein dout a senger Zell fonnt gi war, am August 2019. A weideren Dokumenter wieren Detailer iwwert Flich vum Donald Trump mam Privatfliger vum Sexualverbriecher Jeffrey Epstein dran.

U Bord vun engem vun deene Volle sollen den Donald Trump, den Jeffrey Epstein an eng 20 Joer al Fra gewiescht sinn.

Contenu wier direkt géint Trump geriicht

Konkret Hiweiser op Fehlverhale vum deemolege Geschäftsmann an aktuellen US- President ginn et awer bis ewell keng.

Op X huet den US-Justizministère matgedeelt, datt verschidden Dokumenter falschen a sensationalistesche Contenu hätten, deen direkt géint den Donald Trump geriicht wier. Déi concernéiert Dateie wieren dem FBI kuerz virun de Walen 2020 iwwermëttelt ginn an d’Behaaptunge déi doran ze fannen sinn, wieren onbegrënnt a géifen net der Wourecht entspriechen.

D’Regierung vum Donald Trump steet wéinst der Aart a Weis vun der Publikatioun vu weideren Dokumenter an der Kritik. Dat well d’Dokumenter nëmme stéckweis an deelweis staark geschwäerzt publizéiert ginn. Virun allem d’Demokrate beschëllegen d‘Trump-Administratioun, déi Dokumenter ze manipuléieren, well do kompromettéierend Fotoe vum Donald Trump dobäi wieren.