Radioen

On air

9 bis 1  |  Art d'Ecco - The Traveller

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lydie Polfer: Nei Cité judiciare gëtt am Zentrum vun der Stad schwiereg

Justiz

Lydie Polfer: Nei Cité judiciare gëtt am Zentrum vun der Stad schwiereg

Eng nei Cité judiciaire misst gutt un den ëffentlechen Transport gebonne ginn a grouss genuch ginn, wa se an der Stad gebaut géif ginn. Esou d'Reaktioun vun der Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer (DP) op d'Ausso vum President vun der Cour supérieure de justice.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Den Thierry Hoscheit hat Ufank vum Mount an der Chamber-Justizkommissioun säi Wonsch no enger neier Cité judiciaire op engem neie Site an der Stad widderholl. 

No der Ausso vum Thierry Hoscheit hat et vum Justizministère geheescht, datt bei der Analys vun de laangfristege Besoine vun de Justizautoritéiten, d'Méiglechkeet vun enger neier Cité judiciaire géif an d'A gefaasst ginn. Mëttelfristeg soll déi al Nationalbibliothéik vun de Justizautoritéite kënne genotzt ginn, hat de Ministère confirméiert. 

Lydie Polfer: Keng weider Demandë komm

Am Abrëll dëst Joer hätt een dofir schonn eng Autorisatioun erausginn, seet dozou d'Lydie Polfer.

"Mee soss si mer net mat iergendwéi Demandë befaasst.“

Zur Fro, ob de Wonsch nom Bau vun enger neier Cité judiciaire wäert an Erfëllung goen, preziséiert d'Buergermeeschterin also, datt nach keen un d'Stad Lëtzebuerg erugetruede wier, fir esou Besoinen op den Dësch ze leeën.

"Accessibilitéit ass ganz wichteg"

Wann awer d'Decisioun fir esou een Neibau géif falen, da missten, der Lydie Polfer no, déi zoustänneg Instanze kucken, wou Plazen an der Stad dofir wieren.

"Déi dann awer hoffentlech och esou erausgesicht ginn, datt se gutt ugebonne sinn un den ëffentlechen Transport. D’Konditioun vun der Accessibilitéit ass schonn eng ganz wichteg."

Déi aner Bedingung fir eng nei Cité judiciaire wier, datt se grouss genuch wier, ënnersträicht d'Buergermeeschterin Lydie Polfer.

"Am Zentrum, an der Uewerstad gesinn ech dat méi schwéier."

Bau vun der aktueller Cité judiciaire extreem ëmstridden

Wat eng eventuell aner Notzung an Zukunft vun den aktuelle Gebaier vun der Cité judiciaire ugeet, erënnert d'DP-Politikerin dorun, datt d'Stad an d'Land weider wuesse wäerten an ëmmer nei Servicer bräichten. Deemno mécht si sech keng Suergen, nei Funktionalitéite fir d'Gebai ze fannen.

De Bau vun der aktueller Cité judiciaire war extreem ëmstridden. Dat confirméiert d'Lydie Polfer. D'Stad Lëtzebuerg wier deemools géint dëse Bau um Helleg-Geescht-Plateau gewiescht, a si hätt do léiwer de Musée fir zäitgenëssesch Konscht gesinn.

Lauschterenplay_arrow