Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Chamber vun haut u funktionell

National Politik

Nei Chamber vun haut u funktionell

Déi nei Chamber wäert vun de Mëtteg u komplett mat hire 60 Deputéierte kënne funktionéieren: Weider 21 Deputéierter ginn haut um Krautmaart vereedegt. Dozou gehéieren aacht fréier Ministeren: fënnef vun der LSAP an dräi vun déi gréng

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Donieft ginn haut weider 13 Politiker vereedegt, déi ënner anerem fir nei Ministeren an der Chamber noréckelen, siwe vun der CSV a fënnef vun der DP, plus den Yves Cruchten vun der LSAP, deen an d’Chamber kënnt, well de Jean Asselborn säi Mandat um Krautmaart net unhëlt.

Déi komplett nei Chamber wäert duerno de Mëtteg deen neie Chamberbüro wielen: dorënner den neie Chamberpresident Claude Wiseler (CSV), deen eng Ried wäert halen.

Seng Deklaratioun iwwert de Regierungsprogramm wäert den neie Premier Luc Frieden (CSV) da muer de Mëtteg an der Chamber maachen.

Iwwert dëse Programm fir d’Joren 2023 bis 2028 wäert Donneschdeg de ganzen Dag debattéiert ginn, éier déi nei Regierung d’Vertraue vun der Chamber soll ausgeschwat kréien.

Lauschterenplay_arrow