Radioen

On air

Moiesstudio  |  Bon Enfant - Demande Spéciale

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nees hefteg Kämpf an der Gazasträif

Noen Osten

Nees hefteg Kämpf an der Gazasträif

​​​​​​​Nom Enn vun der Waffepaus an der Gazasträif sinn d‘Kämpf nees massiv amgaangen. D‘Hamas huet hënt Rakéiten op den Zentrum vun Israel geschoss. Do gouf et Rakéitenalarm.

auto_stories

1 min

Déi israeelesch Arméi huet eegener Ausso no zanter gëschter iwwer 400 Ziler an der Gazasträif attackéiert, 50 dovun am Süden. D‘Hamas schwätzt an engem leschte Bilan vun 240 Doudesaffer. D‘israeelesch Arméi huet gëschter nees d‘Läiche vu fënnef Geiselen am Küstegebitt fonnt. D‘Famillje wieren informéiert ginn, huet d‘Militär matgedeelt. Vun den 240 Geiselen, déi de 7. Oktober wärend der bluddeger Attack vun der Hamas am Süde vun Israel entféiert gi waren, géifen der 136 nach ëmmer festgehale ginn. Dorënner 17 Fraen a Kanner.

Gëschter ass dann e Journalist vun der tierkescher Agence Anadolu bei engem israeelesche Bombardement am Küstegebitt ëm d‘Liewe komm, huet de Sender matgedeelt. D‘Hamas huet den Doud vun dräi Journaliste gemellt. Dem Comité fir de Schutz vu Journalisten no, sinn zanter dem Ufank vun der israeelescher Offensiv an der Gazasträif op d‘Mannst 57 Journalisten gestuerwen.

Am Kontext vum Krich an der Gazasträif gouf et haut op en Neits och hu Ausenanersetzungen op der Grenz tëscht dem Libanon an Israel, sou déi israelesch Arméi.