Op dräi Linne mussen d‘Passagéier bis e Mëttwoch mat Verspéidungen an Annulatioune rechnen, esou d‘CFL. Betraff sinn d‘Strecken tëschent Lëtzebuerg an Arel, Lëtzebuerg-Athus, a Lëtzebuerg-Gouvy. Tëschent Ëlwen a Gouvy wäerten déi nächst dräi Deeg guer keng Zich fueren. Alternative kéinten do den Ament net ugebuede ginn, esou d‘CFL.
Net nëmmen d'Bunn streikt
An der Belsch sollen der SNCB no nëmmen all zweeten oder drëtten Zuch fueren. Eng Partie Eurostar-Zich tëschent Bréissel a Paräis goufen och annuléiert. Muer um Dënschdeg, sollen d‘ëffentlech Servicer sech dem Streik uschléissen - dorënner Schoulen, Crèchen a Klinicken. E Mëttwoch ass nach en inter-professionelle Streik geplangt. Och de Fluchverkéier wäert staark betraff sinn. Op den zwee Haapt-Flughäfe Bréissel a Charleroi sollen iwwermuer guer keng kommerziell Flich starten.
D‘Gewerkschaften hunn zu dësem nationale Streik opgeruff fir géint geplangte Spuermesurë vun der Regierung vum Bart de Wever ze protestéieren.