Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nathalie Oberweis: Bei antisemittesche Parollen "direkt intervenéieren"

Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient

Nathalie Oberweis: Bei antisemittesche Parollen "direkt intervenéieren"

auto_stories

2 min

“Mir si ganz kloer géint Antisemitismus an antirassistesch.” Esou reagéiert d’Nathalie Oberweis vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient op Medieberichter, datt op der Manifestatioun fir ee Waffestëllstand an der Gazasträif e Samschdeg deplacéiert Parollen ze gesi gewiescht wieren.

D’Tageblatt an d’Wort haten um Méindeg Moie gemellt, datt op där Demonstratioun ënnert anerem Plakater mam Sproch “From the river to the sea, Palestine will be free” dobäi gewiescht wieren. Ee Saz, deen a verschidde Länner als antisemittesch agestuuft gëtt, an an Däitschland esouguer verbueden ass, well en d‘Existenzrecht vun Israel niéiert.

Et wier och zum Boykott géint eng Persoun aus der Stad opgeruff ginn. D’Nathalie Oberweis vum CPJPO bedauert, datt et esou Virfäll op der Manifestatioun ginn hätt.

"Do ass et da wichteg, datt een ee Service d'ordre huet, deen direkt intervenéiert, an dat hu mir gemaach. Natierlech kann et virkommen, an do intervenéiere mir direkt duerno, mee et ass da vläicht geschitt, datt ee Slogan geruff ginn ass oder iergendwou geschriwwe gouf, dee mir net ënnerstëtzen. A mir ginn deen dann och erofhuelen oder ënnerbannen. Mee oft ass et dann och scho geschitt, mee dat kann een net honnertprozenteg kontrolléieren. Dat ass mengen ech och eppes wat eben sou ass, datt Leit kommen, déi een eben net ëmmer all kennt, mee dofir hu mer eise Service d'ordre. Mee mir distanzéieren eis ganz kloer vun alle Virfäll vun Antisemitismus oder wann effektiv do opgeruff ginn ass fir eng Persoun ze boykottéieren, dovu weess ech elo éierlech gesot näischt, mee da condamnéiere mir dat natierlech."

D’Nathalie Oberweis ass iwwerdeems net der Meenung, datt den Toun sech op de Manifestatioune vum CPJPO an de leschte Woche verschäerft hätt.

D'Nathalie Oberweisplay_arrow