Radioen

On air

Notturno  |  Robert Wyatt - At Last I Am Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nächst Ronn bei de Nobelpräisser: Chimie

Nobelpräis

Nächst Ronn bei de Nobelpräisser: Chimie

Den Nobelpräis an der Chimie geet un dräi Fuerscher, fir d‘Entdeckung an d‘Syntheese vu Quantepunkten. Dat huet d‘Akademie vun de Wëssenschaften zu Stockholm matgedeelt..

auto_stories

1 min

©  picture alliance/dpa | Steffen Trumpf

Et handelt sech ëm dräi Fuerscher, déi an den USA aktiv sinn: Moungi Bawendi, Louis Brus an Alexei Ekimov. 

D‘Akademie huet sech iwwerdeems entschëllegt well et eng Fuite gouf an d‘Nimm vun de Laureate schonn de Moien duerchgesickert waren. Déi ganz Pann wier duerch e Communiqué entstane, deen iertemlecherweis verschéckt gi war.

Muer gëtt den Nobelpräis an der Literatur annoncéiert an iwwermuer Freideg de Friddens-Nobelpräis. Do ass, ënner anerem den ukrainesche President Wolodimir Selenskyj an der Course. Nächste Méindeg ass dann nach den Nobelpräis an der Ekonomie.