Radioen

On air

Palatino FM  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ NATO mat gudden a schlechten Nouvelle konfrontéiert

NATO

NATO mat gudden a schlechten Nouvelle konfrontéiert

Wann d’NATO-Verdeedegungsminister sech haut a muer zu Bréissel gesinn, gi se mat gudden a schlechten Nouvellë konfrontéiert. Engersäits ass den europäeschen NATO-Effort däitlech geklommen. Op der anerer Säit blockéieren d’Republikaner an den USA weider Hëllefen un d’Ukrain. Do gëtt Munitioun an Tëschenzäit knapp.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
(Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

Iwwert dem ganze schwieft dann nach wéi en Damoklesschwäert eng eventuell Neiwal vum Donald Trump. Dee wëll och am Ugrëffsfall D'NATO net méi ënnerstëtzen.

Atomwaffe fir europäesch NATO-Staaten?

Dat huet zu Diskussioune gefouert ob déi europäesch NATO-Staaten hier eegen Atomwaffe bräichten.

Ënnert anerem déi däitsch SPD-Spëtzekandidatin fir d‘Europawale, Katarina Barley hat gemengt, datt EU-Atomwaffen eng Méiglechkeet wieren. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg selwer huet déi Iddi awer verworf: Kär vun der NATO-Ofschreckung sollen déi amerikanesch Atomwaffen an Europa bleiwen.

EU-Natobäitrag klëmmt em 11 Prozent

Ëmmerhin huet dem Trump seng Rhetorik awer dozou gefouert, datt sech déi europäesche Partner beweegt hunn. Dëst Joer hunn 18 vun den 31 NATO Staaten zwee Prozent vun hirem PIB fir Militärmaterial ausginn, dorënner och Däitschland. Den europäesche Beitrag summéiert sech dobäi op am ganzen 380 Milliarden Dollar, dat ass e Plus vun 11 Prozent.

Un déi aner 13 Memberstaaten huet de Stoltenberg appelléiert, hier Engagementer séier ze erfëllen. Dozou gehéiert och Lëtzebuerg. Mat 0,7 Prozent vum PIB leie mer op der leschter Bäitrag-Plaz.

Ausnam fir Lëtzebuerg

De fréiere Verdeedegungsminister François Bausch hat nach ausgehandelt kritt, datt bei Lëtzebuerg eng Ausnam gemaach gëtt an déi zwee Prozent sech op den däitlech méi niddregen RNB, also de Revenu national brut bezitt amplaz op de PIB. Dat wéinst der héijer Unzuel u Frontalieren.

De Luc Frieden sengersäits huet sech am Dezember vum leschte Joer bei der NATO engagéiert, dat Zil mat engem spezielle Plang ze erreechen.

Liwwerung un d'Ukrain ënner Drock

Net erfëlle konnt d’EU iwwerdeems hier Engagementer vu Munitiounsliwwerungen un d’Ukrain déi mëttlerweil zolidd ënner Drock geroden ass. En Deblockage vun de Republikaner fir weider amerikanesch Militärhëllef ass och net direkt en vue.

Ofzewaarde bleift, ob déi europäesch Efforte vun den amerikanesche Wieler positiv opgeholl ginn. Oder ob Europa an Zukunft wierklech ouni d’USA kapabel wäert sinn, eng Atommuecht wéi Russland ofzeschrecken.