arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Incidenten no russeschen a belarusseschen Militäraktiounen an Europa

Litauen an Dänemark

|
reading time

1 min

Zwee Incidenten no russeschen a belarusseschen Militäraktiounen an Europa

A Litauen gouf eng belarussesch Dron vun NATO-Kampfjetten ofgeschoss. An engem offizielle Schreiwes heescht et, datt d‘Dron aus Belarus koum an an de litauesche Loftraum geflunn ass. Si konnt séier ofgeschoss ginn, ouni datt weidere Schued entstanen ass.

reading time

1 min

© EPA/TOMS KALNINS
(Foto: EPA/TOMS KALNINS)

Och déi polnesch Arméi huet d‘lescht Nuecht Militäroperatiounen an der Loft ugekënnegt. Dat an der Suite vun der russescher Dronenattack no bei engem polnesch-ukrainesche Grenzposten.

Russescht Schëff beschéisst dänesche Militärfliger mat Liichtrakéiten

En Incident gouf et och an der Ostsee. Do huet e russescht Krichsschëff zwou Liichtrakéiten op en Helikopter vun der dänescher Arméi geschoss. Den däneschen Helikopter war fir eng routineméisseg Foto-Opklärung virun engem däneschen Hafen ënnerwee, wéi de Ministère zu Kopenhagen matgedeelt huet. 

Eng vun de Liichtrakéiten hätt den Helikopter knapps verpasst. Déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen schwätzt vun engem irresponsabele Virfall an huet de russeschen Ambassadeur zu Kopenhagen convoquéiert.

Russland wéilt mat esou Aktiounen der Ukrain hir Alliéiert veronsécheren an hinnen Angscht maachen, mee et géif ee sech net aschüchtere loossen.

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet an deem Kontext vun engem onverantwortlechen a geféierleche Verhale vu Russland geschwat.

Russland huet aner Versioun

De russeschen Ambassadeur an Dänemark huet de Mëtteg eng aner Versioun geliwwert. De Wladimir Barbin huet vill méi vu provokative Manövere vum däneschen Helikopter geschwat. Datt d’Dänen dat e Routineexercice nenne géifen, géif ee ferm beonrouegen, esou de russeschen Ambassadeur an Dänemark.