Den ukrainesche President Wolodymyr Selensyj fuerdert eng Bäitrëttsinvitatioun vun der Allianz, fir déi vu Kiew kontrolléiert Deeler vum Land géint Russland ofzesécheren. Ausserdeem fuerdert hie weiderhin d'Liwwere vun Ofwiersystemer géint déi neiste russesch Hyperschallrakéiten.
D'USA hu weider Militärhëllefe fir d'Ukrain am Wäert vu 725 Milliounen Dollar annoncéiert. Deemno sollen ënner anerem Landminnen, Rakéiten a Munitioun geliwwert ginn. Dëse Pak soll garantéieren, datt d'Ukrain sech géint déi russesch Aggressioun verdeedege kéint, esou d'Annonce vum US-amerikaneschen Ausseminister Anthony Blinken zu Washington.