Bei de besonnesch héije Subventioune fir Solaranlage kéint een dat verstoen, sou d‘Ëmweltorganisatioun an engem Schreiwes. Mee den Austausch vun Heizungsanlage wier enorm wichteg fir déi energeetesch Transitioun a stéing och als zentral Moossnam am nationalen Energie- a Klimaplang, d‘nämmlecht wéi déi energeetesch Sanéierung.
Ouni déi staatlech Hëllefen géife vill Hausbesëtzer weiderhin op déi manner deier fossil Systemer zeréckgräifen, warnt de Mouvement Ecologique. D‘Regierung hätt zwar ugekënnegt, fir een neie Fërdersystem auszeschaffen, den Detail dovu wier awer nach net bekannt.
Bis dësen neie System an d‘Praxis ëmgesat wier, sollten dofir d‘Top Up-Subventioune bestoe bleiwen, revendiquéiert d‘ONG. Dat wier och am Sënn vun der sozialer Gerechtegkeet essentiel.