Mat der Emma Stone als Haaptactrice ass dee Film eng ongewéinlech Verfilmung vun der Frankenstein-Geschicht, wou eng Fra des Kéier de Frankenstein interpretéiert. De Realisateur de Giorgos Lantihmos ass bekannt ginn duerch seng Filmer The Favourite, The Lobster oder nach the Killing of a Sacred Deer.
D'Récompense fir déi beschten Actrice geet un d'Cailee Spaeny an de Peter Sarsgaard ass fir seng Roll am Film Memory mam Präis vum beschten Acteur belount ginn.