arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Moldau: Tëschent russeschem Stëmmekaf an EU-Hoffnungen

Auslandsreportage

|
headphones

5 min

Moldau: Tëschent russeschem Stëmmekaf an EU-Hoffnungen

No Bettel a Co. sinn elo Merz, Tusk a Macron op Visitt a Moldau. Dat osteuropäescht Land feiert Nationalfeierdag an hofft weiderhin op en EU-Bäitrëtt. Mee bis dohinner ass et nach e wäite Wee.

headphones

5 min

A Moldau léise sech déi europäesch Politiker mat hire Visitten of. Gëschter um Mëttwoch koum de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel vu senger Rees aus dem Nopeschland vun der Ukrain zeréck, dofir sinn den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz, de polnesche Ministerpresident Donald Tusk an de franséische President Emmanuel Macron gëschter ukomm. Dat fir de moldaweschen Nationalfeierdag, an dee gëtt um Dag vun der Onofhängegkeet vum osteuropäesche Land vun der Sowjetunioun 1991 gefeiert.

Transformatiounsprozess hin zu enger Demokratie nach net ofgeschloss

Zënter 1991 ass d'Republik Moldau en onofhängege Staat. Moldawien, wéi et dacks ëmgangssproochlech genannt gëtt, war virdrun Deel vun der Sowjetunioun a grenzt a senger haiteger Form un d'Ukrain an u Rumänien. Zënter der Onofhängegkeet hätt déi kleng Natioun awer mat zwou zentralen Erausfuerderungen ze kämpfen, wéi d'Brigitta Triebel, Leederin vum Auslandsbüro vun der CDU-noer Konrad Adenauer Stëftung zu Chișinău erkläert.

"Der interne Transformationsprozess von einem sozialistischen Land, von einem Land, was Teil eines grossen Landes der Sowjetunion war, was natürlich nicht marktwirtschaftlich war, was nicht demokratisch war, hin zu einem unabhängigen Land, also abgekoppelt von dem ehemaligen politischen Raum der Sowjetunion, aber auch wirtschaftlich, eigenständig und vor allem hin zu einer Demokratie und dieser Transformationsprozess ist bis heute noch nicht abgeschlossen."

Dee Prozess wier net ëmmer erfollegräich gewiescht, esou d’Brigitta Triebel. Et gouf vill Korruptioun a Leit hätte sech éischter un der Republik Moldau beräichert, wéi se weiderzëentwéckelen.

Russesch Zaldoten an Transnistrien

Deen anere groussen Defi, dee Moldau sech der Brigitta Triebel no stelle muss, ass dee vun der aussepolitescher Onofhängegkeet. Wéilt ee sech als Moldau léiwer Richtung Russland oder Richtung Europäescher Unioun orientéieren ass hei déi grouss Frou. Keng einfach Erausfuerderung, wéi d'Brigitta Triebel erkläert.

"Und diese aussenpolitische Unabhängigkeit war von Anfang an für die Republik Moldau sehr sehr schwierig zu erreichen, da Moskau schon in den ersten Jahren der Unabhängigkeit den Konflikt zwischen Chisinau und Transnistrien unterstützt hat, angefeuert hat und für Transnistrien in diesen Krieg mit eingetreten ist und es deswegen seit Beginn einen ungelösten territorialen Konflikt in diesem kleinen Land gibt."

Transnistrien, eng Regioun am Oste vun der Republik Moldau un der Grenz zur Ukrain, fungéiert als autonome Staat, obwuel et vu kengem Land op der Welt unerkannt ass. Net emol vu Russland. Trotzdeem ass de russeschen Afloss grouss a bis haut si russesch Zaldoten do stationéiert.

Den ongeléisten territoriale Konflikt kéint enger méiglecher EU-Memberschaft, déi Moldau mat der aktueller pro-europäescher Presidentin Maia Sandu an enger proeuropäescher Regierung ustrieft, am Wee stoen.

Knapp Pro-EU-Majoritéit

Enn September gëtt a Moldau en neit Parlament gewielt. Do kënnt et dann dorop un, ob déi proeuropäesch Parteien eng Majoritéit behalen. E richtungsweisende Walkampf fir Moldau, dee Russland probéiert massiv ze beaflossen, warnt d'Brigitta Triebel.

"Durch eine hybride Kriegsführung, also nicht militärisch, aber mit ganz vielen anderen Instrumenten, die diese Gesellschaft massiv belasten, ob das Desinformation ist, wie hier über die russische Sprache, zumindest bei sehr vielen Moldauerinnen und Moldauern ankommt, aber auch Cyberangriffe auf staatliche Institutionen, jetzt sicherlich auch auf die Institutionen, die die demokratische Wahl absichern werden."

Esouguer vu Stëmmekaf säitens Russland geet a Moldau rieds. Déi lescht Walen an e Referendum, ob Moldau wéilt an d'EU, konnten ëmmer knapp vun de Proeuropäer gewonne ginn.

Datt Moldau awer e Land wier, dat genee an der Mëtt gespléckt wier, wéi een et bei de Presidentewalen an den USA observéiere konnt, kéint een net soen, seet d'Brigitta Triebel. Et hätt een zwar vill Leit mat rumäneschem Hannergrond, déi och wéinst kulturellen Aspekter kloer pro EU wieren, an et hätt een och ca een Drëttel vun den Awunner:innen, déi sech éischter Russland zougehéiereg géife fillen, ënner anerem wéinst der russescher Sprooch, mee et géif awer och nach eng drëtt Grupp ginn.

"Und dann gibt es in der Mitte so vielleicht 30, 40 Prozent der Moldauer, die auf der einen Seite eine Annäherung an die Europäische Union unterstützen, weil sie damit Wohlstand, weil sie damit wirtschaftliche Stabilität sich versprechen. Ja, viele ihrer Kinder, viele ihrer Verwandten arbeiten ja in Westeuropa und sehen, dass der Lebensstandard dort besser ist. Die aber auch sagen, einen Konflikt, vor allem einen bewaffneten Konflikt mit Russland, das können wir uns nicht vorstellen."

D'Fro, wéi déi Wal ausgeet, kann een also net virausgesinn. Mee wéi realistesch ass eng Memberschaft vun der Republik Moldau an der EU iwwerhaapt? Dat géif komplett um politesche Wëllen hänken, esou d'Brigitta Triebel. Säitens der EU a säitens Moldau.

Walen am September

Bei ville Reformen hätt Moldau et nach schwéier. Déi aktuell Regierung géif awer vill dofir maachen, d'Krittäre fir eng EU-Memberschaft séier ze erfëllen. Zënter 2022 steet Moldau op der Kandidatelëscht fir eng EU-Memberschaft. E groussen Hoke gëtt et allerdéngs nach: Stéchwuert Transnistrien.

"Brüssel hat ja schon gesagt, Transnistrien muss nicht reintegriert werden als Vorbedingung. Wenn Chisinau einen nachvollziehbaren Plan zur Reintegration Transnistrien vorlegen kann, vielleicht ist das eine Möglichkeit, aber Transnistrien hängt eben an dem Krieg in der Ukraine, muss man sehen, wie offen Brüssel auch für andere Lösungen ist, wenn dieser territoriale Konflikt dann bis zum Beitritt nicht gelöst sein sollte."

Éier awer weider iwwer en EU-Bäitrëtt vu Moldau geschwat ka ginn, mussen d'Walen den 28. September ofgewaart ginn. En Tromp, deen d'Proeuropäer hunn ass, datt d'EU Moldau bei de Energiepräisser finanziell ënner d'Äerm gräift.

A souguer wann e prorussescht Parlament sollt gewielt ginn, géif déi pro-europäesch Presidentin Maia Sandu jo nach ëmmer Presidentin bleiwen, esou nach d'Brigitta Triebel. Schliisslech gëtt en neit Parlament gewielt a keen neie President.