Op der zweeter Singlauskopplung “Heaven” dréit der Mitski hir glaskloer Stëmm iwwer Straicher a Flütten an erzielt vum Fréijoer a vum Verléift-sinn. Déif dréngt si an d’Schéinheet vum Liewen an, fänkt se, och mat hire schwéiere Säiten. E bëssen Drama kënnt vun deenen Orchester-Crescendoen, virun deenen eis der Mitski hire schwiewende Vers emmer erëm rette kënnt. E bësse kitscheg, mee et assuméiert. Expressioun, Maximalismus, Courage zur Faarf vun de Saachen maachen d’Plack aluedend, och wann se net vill „Beat“ ze bidden huet.
Op “Star” developpéiert d’Mitski eng vun hire Stärkten, d’Mäanderen iwwer en Drone, bei dem si d’Wieder wéi Bléien hannert sëch street an da Kreep schléit. Ee Song voller Perséinlechkeet, a Séil.
Klassesch amplatz Grunge
Vun deene Grunge-Sensibilitéiten, déi méi fréi Songs wéi „Jobless Monday“ gedriwwen hunn, ass hei kaum méi eppes ze spire wéi den Hauch vun enger Attitüd an der Stëmm. Fir de Rescht sinn et Uergelen, Pedal Steel an Orchester-Instrumenter, déi probéieren, eng radikal Léift ze ëmschreiwen, wéi se am Pressetext méi no definéiert gëtt:
“D’Léift ass ëmmer radikal, dat heescht si ënnerbrécht ëmmer, wat heescht et muss een u sech schaffe, fir ze kënnen unzehuelen. Dëst Land, dat sech fir vill vu senge Bewunner schonn elo esou ongaaschtfrëndlech ufillt, ass schonn erëm esou wäit, hoffnungslos hin an hir geheit ze ginn – heiansdo einfach ouni Léift.”, liese mir do.
Dofir och den Titel,
"The Land Is Inhospitable And So Are We."
D’Mitski steet ofgeschiermt vun hirem Dialekt de Widdregkeete vum Liewen oppen entgéint a bréngt et fäerdeg, hirer Einsamkeet eng räich Stëmm ze ginn, an hir Léift ganz an d’Musek ze stiechen. Esou schlüpft si a verschidde Rollen, wéi zum Beispill op “I Don’t Like My Mind” de Workaholic ouni Selbstwertgefill, a kristalliséiert dat Universellt aus hiren Erfarungen eraus.
D’Songs schloen dobäi bewosst Wonnen, fir se da mat vill Virsuerg a waarmem Hunneg ze heelen. D’Schwieregkeete vum Gär-Hunn sinn net nëmmen op iwwerflächlech Manéier Thema vun dëser Plack, si duerchdréngen alles, vun de Strukture bis zu de Choix’en an der Instrumentatioun. An dat mécht dat Ganzt einfach zu enger ronner Saach. Et gëtt een e bëssen an ee Kaleidoskop matgeholl, mat ville ganz erfrëschende Bléckwénkelen.