Si appelléieren hei nach eng Kéier un d‘Regierung fir hir Responsabilitéit ze iwwerhuelen. D‘Erhéijung vum Mindestloun wier keen techneschen Exercice, wou ee just iwwer Indicateure kéint schwätzen, mee et géif hei ëm Zéngdausende Salariée goen, déi an engem vun de räichste Länner vun Europa mam Mindestloun net an Dignitéit kéinte liewen, esou d’Gewerkschaften.
De Conseil de Gouvernement vun haut wier an deem Sënn eng wichteg Etapp. D‘Gewerkschafte fuerdere jo eng strukturell Hausse vum Mindestloun vun 11 Prozent. D’Patronat wiert sech do dergéint. D‘Regierung hat dës Woch e puer mol ënnerstrach, datt bis elo nach keng Decisioun gefall wier.