Éier weider Länner Member vum Club ginn, muss sech d’EU mat sech selwer beschäftegen, sech zukunftsfäeg machen, wéi den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz de Moie sot. Dat géing virun allem d’Aart a Weis betreffen, wéi Decisioune geholl ginn.
"Da kann es nicht sein, dass es in Fragen der Aussepolitik oder Steierpolitik bei Eestëmmegkeet bleift. "Wir müssen dann auch mit qualifizerter Mehrheit entscheiden können."
Lëtzebuerg géint Ofschafe vun Unanimitéit a Steierfroen
Lëtzebuerg war do virun allem a Steierfroe bis elo retizent, d’Unanimitéit an domat d’Méiglechkeet vun engem Lëtzebuerger Veto ofzeschafen.
Dorun huet sech näischt geännert betount zu Granada de Premier Xavier Bettel. “Mir sinn eis do mat Däitschland net eens”. Hien nennt just d’Aussepolitik als ee Beräich, wou d’EU dee Prinzip sollt opginn.
"Dat géif déi Europäesch Positioun stäerken an der Welt. Am Moment si mir ganz oft eng Kakuett op der internationaler Bün - mir sinn ekonomesch e ganz staarke Kontinent awer politesch weie mer vill manner wéi dat, wat mer representéieren."
A Propos Unanimitéit, déi lescht Woch ass sech eng Majoritéit vun de Länner iwwert ee Plang fir d’Reform vum europäeschen Asylsystem eens ginn. Dat verhënnert awer net, datt déi, déi dogéint gestëmmt hunn, deen Accord elo a Fro stellen.
Orban: Polen an Ungarn goufen iwwergaangen
Doriwwer kéint haut nach gestridde ginn. Den ungaresche Premier Viktor Orban huet op alle Fall den Toun uginn, wéi hien zu Granada ukoum.
Polen an Ungarn wiere “legal gesi vergewaltegt ginn”, sou den ungaresche Premier.
"Wann ee forcéiert gëtt, eppes ze akzeptéiere, wat een net wëll, wéi kann een dann ee Kompromëss oder een Accord fannen, dat ass onméiglech."