Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Messerattack an engem Lycée am Norde vu Frankräich

Frankräich

Messerattack an engem Lycée am Norde vu Frankräich

Zu Arras am Norde vu Frankräich ass eng Persoun an engem Lycée bei enger Messerattack em d’Liewe komm an e puer weider Persoune blesséiert ginn, mellt d‘Police. 

auto_stories

1 min

Beim Doudesaffer handelt et sech ëm en Enseignant aus der Schoul. Den Täter gouf dem Inneministère no festgeholl. Wéi d’Zeitung “Le Figaro” mellt, soll et sech beim Täter em eng Persoun aus Tschetschenien handelen, déi och op enger Lëscht vu radikaliséierte Persounen opgetaucht wier. 

D’Hannergrënn vun der Dot si fir de Moment nach onkloer. De President Emmanuel Macron huet annoncéiert wëllen op d‘Plaz ze fueren. Och d’Premierministerin Elisabeth Borne huet eng Rees ofgebrach.