search

/ René Repasi: “Dofir, datt Mercosur virleefeg a Kraaft trëtt”

Landwirtschaftsofkommes

|
headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow

René Repasi: “Dofir, datt Mercosur virleefeg a Kraaft trëtt”

De Mercosur-Accord muss vum Europäesche Geriichtshaff iwwerpréift ginn. Dat huet d'Europa-Parlament e Mëttwoch an engem knappe Vott decidéiert.

headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow
René Repasi, Chef vun den däitsche Sozialdemokraten am Europaparlament | © European Parliament
European Parliament (Foto: European Parliament)

D’Stëmme koumen och aus der Europäescher Vollekspartei, de Liberalen, de Sozialisten, obwuel sech déi Fraktiounen dergéint ausgeschwat haten, den Text vum Europäesche Geriichtshaff iwwerpréiwen ze loossen.

Eng Rei Deputéiert hu sech also net un d’Parteilinn gehalen.

De René Repasi, Chef vun den däitsche Sozialdemokraten am Europaparlament, erkläert, hie wier net iwwerrascht gewiescht, datt et och a senger Partei Ofweichler gouf.

"Wir haben ja sehr intensive Diskussionen zu Mercosur gehabt, schon seit Monaten, wenn man möchte sogar Jahren, und es war daher zu erwarten, dass gerade Franzosen, wallonische Abgeordnete, polnische entsprechend den Positionen ihrer jeweiligen nationalen Parteien folgen, die sich extrem kritisch ausgesprochen haben und daher so abgestimmt haben."

1-2 Joer fir juristesch Iwwerpréiwung

Dem däitsche Rechtswëssenschaftler no wäert et lo 1-2 Joer daueren, bis dem Europäesche Geriichtshaff säin Urteel virläit.

Direkt nom Vott hat d’Europäesch Vollekspartei dofir plädéiert, datt den Accord trotz dem Vott am Parlament, provisoresch a Kraaft triede soll. De René Repasi ass och dofir, och wann dat net “ganz demokratesch” wier. 

René Repasi och dofir, datt Ofkommes awer a Kraaft trëtt

D’Europäesch Verträg geséichen awer d’Méiglechkeet vir, datt datt d’Kommissioun an den Europäesche Rot, also d’Memberlänner, een Deel vum Accord virleefeg applizéiert. 

An d’Parlament hätt jo duerch dee Vott en Donneschdeg seng Positioun definéiert. D’Kommissioun an d’Memberlänner awer kéinten dat anescht gesinn.

"Damit hat das Parlament für sich entschieden, wir warten jetzt das Urteil ab. Das eröffnet dem Rat zu sagen: 'Aber wir können jetzt nicht warten, weil die geopolitische Lage ist, wie sie ist, also tun wir Teile des Abkommens jetzt bereits vorläufig in Anwendung bringen'."

Dat géing och heeschen, datt d’Mercosur-Staaten, deen Deel ratifizéiere kënnen.

Dowéinst deelt den SPD-Politiker d’Angscht, datt déi südamerikanesch Partner ofsprange kéinten och net.

Finale Vott am EU-Parlament kéint trotzdeem eng “Zitterpartie” ginn

Iwwerdeems hält hien et och éischter fir warscheinlech, datt den Europäesche Geriichtshaff gréng Luucht fir den Accord wäert ginn. 

"Wir haben schon vielerlei Gutachten zu Handelsverträgen des EuGH bekommen, etwa zu Singapur oder zu Kanada. Und da weiß man eigentlich als Europarechtler: Der EuGH wird dem ziemlich sicher ein grünes Licht geben."

D’Signal no bausse wier méi däitlech gewiescht, wann d’Parlament sech e Mëttwoch anescht decidéiert hätt, sou de René Repasi.

"Aber am Ende des Tages haben die Mitgliedstaaten das bereits entschieden und das mit einer großen Mehrheit. Das Abkommen kann in Kraft treten. Insoweit haben jedenfalls die Regierungsseite gesagt: Wir wollen das. Es wird also dazu kommen und wir werden in den nächsten zwei Jahren sehen, was das tatsächlich bringt."

De finale Vott am Europaparlament iwwert de Mercosur-Accord kéint trotzdeem eng Zitterpartie ginn, sou den Europadeputéierten.

D’EU-Parlament muss nodeems, d’Urteel vum Geriicht virläit, den Accord nach gutt heeschen. Seet d’Parlament do Neen, dierf den Accord net weider ëmgesat ginn.

Umierkung: An enger viiregter Versioun gouf geschriwwen "Angscht, datt Partnerlänner ofsprangen, wier berechtegt". Dat war eng falsch Zitéierung vum Interview an den Artikel gouf entspriechend aktualiséiert.

play_arrow Lauschteren