Radioen

On air

Kultur um 5  |  Future Utopia - Interplanetary Signs

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mercosur: No bal 25 Joer ass den Deal nach net perfekt

EU-HANDELSACCORD

Mercosur: No bal 25 Joer ass den Deal nach net perfekt

D'Negociatioune mat de fënnef südamerikanesche Länner, déi ee gemeinsame Marché - de Mercosur - deelen, solle bis Ufank Dezember ofgeschloss sinn. Nach awer ass et net esou wäit.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© picture alliance/dpa | Myke Sena play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Myke Sena

Wat kann d’EU maachen, fir een Handelskonflikt mat den USA ze evitéieren? Doriwwer hunn en Donneschdeg déi zoustänneg Ministeren aus de 27 EU-Länner zu Bréissel diskutéiert. An engem Punkt war ee sech eens: D’Europäesch Unioun muss Eenheet demonstréieren. Datt dat awer net einfach ass, wann et ëm Handelsfroe geet, weisen d’Verhandlungen iwwert de Mercosur-Accord.

D’EU verhandelt schonn zënter bal 25 Joer mat Argentinien, Brasilien, Paraguay, Uruguay a Venezuela iwwert een Handelsofkommes. Bis elo ouni Succès. An zwou Woche gesi sech béid Säiten zu Bréissel fir ee Mercosur-Sommet a bis dohi soll den Deal stoen. Sécher ass dat awer net.

Meenungen an der EU nach ëmmer gedeelt

Ënnert de Memberlänner an am Europaparlament ginn d’Meenungen auseneen. Virop Frankräich: Hei ginn d’Baueren op Strooss. Si fäerten eng deloyal Konkurrenz.

Dat an och de Klimaschutz spillt eng Roll beim franséischen Neen, wéi d’Sophie Primas, franséisch Ministerin fir den Aussenhandel zu Bréissel erkläert.

"C'est extrêmement important à un moment où on le voit après la conférence de Bakou. Certains pays, notamment des pays du Mercosur, annoncent probablement des hésitations sur le fait de rester dans les accords de Paris. Il faut que ces accords de Paris soient une clause essentielle de notre accord Mercosur."

Onkloer Majoritéitsverhältnisser

Zu de Kritiker gehéiert och Éisträich, wou et zënter véier Joer ee Parlamentsbeschloss géint de Mercosur-Accord gëtt. Fir datt sech un där Positioun eppes ännert, musse verschidde Saache passéieren, seet den zoustännege Minister Martin Kocher.

“Es ist klar, es muss Fortschritte geben bei dem Schutz des Regenwaldes. Und es muss Sicherheitsklauseln geben und Unterstützung für die betroffenen Bauern, für die Landwirte. Und das sind die Voraussetzungen dafür, dass man noch mal diskutiert über die österreichische Position.”

Ob et dono bei engem Vott vun de 27 EU-Länner duergeet, fir den Accord ze stoppen, ass nach net kloer.

Lëtzebuerg seet net Jo - awer och net Neen

Frankräich sicht no Alliéierten. Dat kéint eng vun den Ursaache sinn, datt Lëtzebuerg elo méi kritesch schéngt ze sinn. 
Wéi de Grand-Duché sech um Enn positionéiert, ass nach net eraus. Dat huet eng Debatt e Mëttwoch an der Chamber gewisen huet. Den zoustännege Minister Xavier Bettel huet do probéiert, Doutten iwwert d’Kloerheet vun där Lëtzebuerger Positioun aus dem Wee ze raumen.

"Mir kënnen am Moment eis Zoustëmmung net ginn. Méi hunn ech net gesot, well mir eeben nach keng Kaz am Sak wëlle kafen, well mir net all déi Elementer hunn, déi eis kéinten erlaben ze soen, dass dee level playing field, dee fir eis esou wichteg ass, och hei garantéiert ass. An do wäerte mir op dee Punkt och nach weider insistéieren."

Robert Habeck: "Den Accord ass an de leschte Jore vill besser ginn"

De Premier Luc Frieden hat am September ee Bréif zesumme mat zéng aneren EU-Regierungscheffen ënnerschriwwen, an deem si sech dofir ausgeschwat hunn, datt d’Negociatiounen elo séier ofgeschloss ginn. All d’Elementer wieren do fir dat ze maachen, sou d’Signatairen.

Dat ebe gesäit de Xavier Bettel net esou. Hien huet en Dënschdeg annoncéiert, Lëtzebuerg bräicht zousätzlech Engagementer vun der Kommissioun.

"Le mercosur ce n’est pas si sûr que ça", sou huet de Minister fir de Commerce extérieur d’Situatioun aus senger Vue gëschter um Donneschdeg zu Bréissel resuméiert. Hien huet anerersäits betount, datt et wichteg wier, Handelsaccorden ofzeschéissen.

Där Meenung war och den däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck. D’EU hätt een eegen Interêt, méi där Handelsofkommes ofzeschléissen, an dat géing elo besonnesch op de Mercosur-Accord zoutreffen.

“(...) das in den letzten Monaten und Jahren der Verhandlungen nochmal deutlich nachaltiger und besser geworden ist. Es wäre die richtige Antwort auf diese Tendenz zu Zöllen und Handelsbarrieren, dieses Abkommen jetzt zu finalisieren.”

De grénge Politiker hat och ee Léisungsvirschlag dofir, datt esou Negociatiounen an Zukunft keng 20 Joer daueren: Et sollt ee sech op eenzel Secteuren, zum Beispill d’Industrie, konzentréieren. Do wier et méiglech, sech méi séier eens ze ginn, wéi wa Beräicher wéi d’Landwirtschaft mat erageholl ginn. 

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.