arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mercosur-Accord vun haut u virleefeg a Kraaft

International

|
reading time

1 min

Mercosur-Accord vun haut u virleefeg a Kraaft

Vun haut un trëtt d‘Fräihandelsofkommes mat de südamerikanesche Mercosur-Staate Brasilien, Argentinien, Paraguay an Uruguay virleefeg a Kraaft.

reading time

1 min

© EPA/OLIVIER MATTHYS
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Den Accord gesäit vir, datt vill Douanestaxen op béide Säiten ewechfalen. D’EU exportéiert virun allem Autoen a chemesch Produiten, wärend d’Mercosur-Länner haaptsächlech landwirtschaftlech Produiten an Europa liwweren.

Déi véier südamerikanesch Staaten hunn den Accord scho ratifizéiert, op europäescher Säit steet dat awer nach aus.

Staark Kritik kënnt virun allem vun europäesche Baueren. Si fäerte Konkurrenznodeeler a warnen och viru méi nidderegen Ëmwelt- a Sozialstandarde bei Importer aus de Mercosur-Länner.