arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parlament geet op Konfrontatioun mat deene “Knéckegen”

EU-BUDGET

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

EU-Parlament geet op Konfrontatioun mat deene “Knéckegen”

D’EU-Parlament schwätzt sech majoritär fir ee méi een héije Budget aus, wéi d’Europäesch Kommissioun proposéiert hat. Ville Memberlänner war dat schonn ze wäit gaangen.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Plenarsëtzung am EU-Parlament vum 28/04/2026 | © European Union 2026 - Source : EP
Plenarsëtzung am EU-Parlament vum 28/04/2026 (Foto: European Union 2026 - Source : EP)

D’Europaparlament setzt sech dofir an, datt d’EU däitlech méi Sue soll an hir Keess kréien.

D’Parlament huet um Dënschdegmëtteg iwwert seng Positioun ofgestëmmt. 

D’Majoritéit vun den Deputéiert setzt sech deemno dofir an, datt den nächste, pluri-annuelle Budget fir d’Joren no 2027 soll ronn zéng Prozent méi héich sinn, wéi dat wat d’Europäesch Kommissioun proposéiert hat.

EU-Parlament wëll d’Propose vun der EU-Kommissioun ëm zéng Prozent erhéijen

Bréissel hat am Summer zejoert ee Pak vu ronn zwou Milliarden Euro virgeschloen. Schonn dee Montant gëtt awer vu verschiddene Memberlänner ewéi Däitschland oder Holland als ze héich ugesinn.

D’Positioun vum Parlament ass Partei-iwwergräifend an d’Fraktioune ginn deels op Konfrontatioun mat Staats- a Regierungscheffen aus hiren eegene Reien.

De Chef vun der Europäescher Vollekspartei, de Manfred Weber, ass zum Beispill genee ewéi déi grouss Majoritéit vu senge Parteikolleegen am Europaparlament fir ee staarken EU-Budget.

Domat vertrëtt hien eng aner Meenung wéi den däitsche Kanzler Friedrich Merz, deen sech nach déi lescht Woch um informellen EU-Sommet dofir ausgeschwat huet, d’EU Moyenen op kee Fall ze erhéijen.

"De Moment vun der Wourecht ass elo komm. Déi, déi kierze wëlle mussen éierlech soen, wou dat geschéie soll."

“Des Kéier ass et eescht”, sot um Dënschdeg de Moien de Charel Goerens vun de Liberalen am Debat an der Plenière. Den DP-Politiker huet d’Importenz vun deem europäesche Budget an dësen Zäiten ënnerstrach.

Och de Message vun de Sozialiste war kloer:

“Méi maache mat manner Suen ass net méiglech”, esou hir Cheffin d’Iratxe Garcia Perez.

EU-Parlament fir europäesch Steier op digitale Servicer

D’Parlament setzt sech ënner anerem dofir an, datt d’EU soll duerch eng Steier op digitale Servicer, frësch Suen an d’Keess kréien.

Den Agrarbudget dierft net gekierzt ginn an d’Scholden aus dem Coronahëllefsfonds sollten net aus dem Budget bezuelt ginn. 

Alles dat hat d’Kommissioun anescht proposéiert - an alles dat gesinn och vill Memberlänner anescht.

Meenungen ënnert Memberlänner gi wäit auseneen

D’Konfrontatioun ass also virprogramméiert.

D’éischt awer mussen emol d’Memberlänner iwwerhaapt hir Positioun definéieren.

Hir Meenunge ginn awer wäit auserneen. Dat hat nom informellen EU-Sommet, de Premier Luc Frieden ënnerstrach.

"Déi eng fannen, datt de Budget, deen d'Kommissioun proposéiert huet, ze grouss ass, déi aner fannen, datt e ze kleng ass, déi eng hätte gär nei Steieren, déi aner net. Et war haut interessant nozelauschteren."

D’Lëtzebuerger Regierung ass iwwerdeems och dogéint eng nei Steier op Tubak anzeféieren, esou wéi d’Europäesch Kommissioun dat proposéiert hat. De Luc Frieden huet sech fir eng Re-Orientatioun vun den EU-Suen ausgeschwat.  

Virum Enn vum Joer ass net mat engem Accord ze rechnen.

Riets- a rietsextrem Fraktiounen hunn dergéint gestëmmt

D’Positioun vum Parlament gouf vun de grousse Fraktiounen ewéi der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberalen ënnerstëtzt, dergéint waren déi riets a riets-extrem Fraktiounen.

Den Nicola Procaccini, Chef vun der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer, zu deene fréier den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser gehéiert huet, huet erkläert firwat:

“Mir wëlle kee Super-Budget, well mer och keen europäesche “Superstaat wëllen.”

Ënner de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert, huet de Fernand Kartheiser als eenzege géint d’Positioun vum Parlament zum pluri-annuelle Budget gestëmmt.

play_arrow Lauschteren