search

/ Mercosur-Accord ass wéi een "Damokles-Schwäert" fir d'Lëtzebuerger Baueren

Bauerenzentral

|
headphones

2 min

Mercosur-Accord ass wéi een "Damokles-Schwäert" fir d'Lëtzebuerger Baueren

Fir de Christian Wester, de President vun der Bauerenzentral, ass et eng riseg Gefor, wann d‘Mäert an der EU opgemaach gi fir Produiten aus de südamerikanesche Mercosur-Länner. Dat, well déi Produiten net déi selwecht streng Oplagen hunn, un déi d‘Baueren hei am Land sech mussen halen.

headphones

2 min

De Christian Wester vun der Bauerenzentral. | © Morgane Weidig
De Christian Wester vun der Bauerenzentral. (Foto: Morgane Weidig)

De President vun der Bauerenzentral schwätzt vun enger Duebelmoral. An do géifen och déi Garantien, déi elo a leschter Minutt sollen agefouert ginn, näischt änneren.

D‘lescht Woch ware sech d’Europaparlament an d’EU-Memberlänner iwwer zousätzlech Klauselen eens ginn, déi d’Baueren an der EU schütze sollen.

Skepsis vis-à-vis vun de Schutzmesüren

Deemno solle Géigemesure geholl ginn, wann d’Importer aus de véier Mercosur-Länner Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay an engem Mooss zouhuelen, déi der Landwirtschaft an der EU schuede kéint.

"Déi Garantien, dat ass e bësse wéi: Mir ginn iech Suen, wann de Präis erofgaangen ass. Dat ass wéi: Ech decken de Pëtz zou, wann d'Kand dra läit. Also et geet eis drëm, fir d'Betriber ze schützen, ier d'Präisser erofginn. An net souguer ze waarde bis d'Präisser erofginn, da gëtt dat erëm ee schwéierfällege Mechanismus, d'Berechnungen, déi do mussen opgestallt ginn, fir dat ze beleeën, dass dat och wierklech sou ass."

Dat géif daueren, bis dann eppes bei de Betriber géif ukommen, esou de Christian Wester. An dat wier ze spéit fir d'Betriber. 

"Ech mengen et ass dat, wéi ech elo gesot hunn, mam Deckel op de Pëtz leeft an d'Kand dra läit. Du mussen den Deckel drop leeën, ier d'Kand dra läit."

Mat deene Schutzmesüre géif een dat awer net gesinn, esou nach de Christian Wester.