Radioen

On air

Notturno  |  Hank Mobley - No Room For Squares

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Mercader: L'Assassin de Trotsky" vu Patrice Perna & Séphanie Bervas

Comic Rezensioun

"Mercader: L'Assassin de Trotsky" vu Patrice Perna & Séphanie Bervas

BDen, Manga a Comics fënnt ee bei de meeschte Leit doheem. Esou och beim Nicolas Calmes. Zum Beispill de Comic „Mercader: L’assassin de Trotsky“ vum Patrice Perna an dem Stéphane Bervas, vun där hien eng Rezensioun geschriwwen huet.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

"Cette histoire est inspirée de faits réels. Toutefois certains événements, personnages ou situations sont également le fruit de l’imagination des auteurs. Mais aucune fiction jamais ne surpasse la réalité dans toute sa cruauté ou sa beauté."

Dat ass d‘Virwuert, vum Comic, dat viru Kuerzem bei den Editions Glénat eraus komm ass. Menger Meenung no ass et anengems Infobox a Gedicht. “Aucune fiction jamais ne surpasse la réalité” erënnert un dem Oscar Wilde säi Saz: "Life imitates Art far more than Art imitates Life."

Fir d’Liewen an den Dout vum russesche Revolutionär Trotsky a sengem assassin de Mercarder ass dat besonnesch wouer. Den 20. August 1940 gouf den Trotsky, am Exil am Haus vun der Frida Kahlo bei Mexico City, vun engem sowjettesche Geheimagent mat enger Piosch (Spitzhacke) Richtung Kapp ëmbruecht. Déi richteg Geschicht vum Trostky a sengem Mäerder ass komplett verréckt a filmräif. Effektiv goufen et eng Ratsch Documentairen, Bicher an och een Theaterstéck iwwert dës Piosche-Zeen, déi d’Welt geschockt hat.

Déi richteg Dosis Informatioun treffen

Sou Geschichtscomics sinn net einfach ze maachen, och wann ee mat genialem Sourcematerial schafft. Et geet dorëms, dem Lieser an der Lieserin genau déi richteg Dosis un Informatiounen ze vermëttelen. Ze vill Informatiounen, an et fillt sech wéi ee Schoulbuch un. Ze wéineg Info, an et ass een als Lieser verluer. De Comic schwankt e bësschen tëschent béiden, déi gëlle Mëtt gëtt och getraff, awer net duerchgezunn.

De Comic schafft och mat Stärercher, déi verschidde Wierder dann ënnert der Case erklären. Bon, dat ass een Detail, mee op der zweeter Säit gëtt et sou ee Stärche bei STB, an d’Erklärung feelt. STB steet iwwregens fir Státní bezpečnost, also de tschechoslowakesche Staatssécherheetdéngscht.

"Opération canard"

Zwee tschechoslowakesch Polizisten, sou fänkt de Comic un, investigéieren den Dout vun engem Russ, dee vu sengem Appartement aus dem fënnefte Stack gefall ass- oder villäicht vum Geheimdéngscht gestouss gouf? Do fannen si, hannert engem verstoppte Safe, de Manuskript vun de Memoirë vun engem ale sowjetteschen Agent mat den Detailer iwwert déi sougenannten „opération canard“.

De Comic ass méi spannend, awer net vill méi spannend wéi de Wikipediaartikel vum Jaime Ramón Mercader del Río, respektiv Frank Jacson, respektiv Jacques Monard, respektiv déi aner Nimm op den anere Päss vum Geheimagent. Am Géigesaz zu deem, wat déi mexikanesch Police duecht, war hien net Belsch. Hie war och net russesch. De Spuenier ass 1913 gebuer, huet am spuenesche Krich fir d’Kommuniste gekämpft, a gouf vun de Soviette rekrutéiert, fir Agent ze ginn.

Zeechestil mat Retroflair

Zeechneresch ass de Comic effizient. D’schwaarz Konturen, déi d’Silhouette vun dem Gezeechenten ausmaache, sinn e bëssche méi déck opgezu wéi an aner Comics hautzedaags, wat deem ganzen ee Retro Flair gëtt.

Et ginn oft net schrecklech vill Detailer am Hannergrond, mee dat representéiert wuel déi spartanesch Soviet-Ästhetik. D’Zeenen zu Paräis a Mexico City sinn do méi generéis. Vun engem Meeschterwierk wéi Akira si mir awer wäit fort.

Comic dat richtegt Medium fir dës Geschicht?

De Comic ass ze recommandéieren, mee mat Wikipedia op engem Bildschierm nobäi. Dat heescht, jein. Entweder feelt dem Comic das gewisse etwas, oder awer si Comics net dat ideaalt Medium, fir dës Geschicht ze erzielen.

Mir hunn et hei mat Liewe méi konschtvoll nach wéi d’Konscht ze dinn. 

Lauschterenplay_arrow