Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
search

/ Méigleche Shutdown an den USA

Dëse Freideg

Méigleche Shutdown an den USA

D‘USA riskéieren e Freideg erëm e Shutdown. Dat heescht, ee Stëllstand vun alle Regierungsgeschäfter, well keng Sue méi do sinn. Den Donald Trump huet un all Republikaner appelléiert, e Gesetz, dat an deem Kontext mat den Demokraten ausgehandelt gouf, net ze stëmmen.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock / Elisa
Foto: Adobe Stock / Elisa

Den Donald Trump kritiséiert ee milliardeschwéieren Hëllefspak fir US-Regiounen, déi dëst Joer vu schwéiere Stierm getraff goufen.

Den Donald Trump wëllt d‘Regierungsdepensë wärend senger Amtszäit jo kierzen. D‘Partei vum amtéierende President Joe Biden misst d‘Verantwortung fir d‘Situatioun iwwerhuelen, esou den Donald Trump.