search

/ Méi Dokteren an Zänndokteren benotzen de PID: Klassesche Remboursement geet zeréck

Gesondheetspolitk

|
reading time

1 min

Méi Dokteren an Zänndokteren benotzen de PID: Klassesche Remboursement geet zeréck

Ronn d‘Hallschent vun den Dokteren an Zänndokteren hei am Land hunn de "paiement immédiat direct" schonn op d‘mannst eng Kéier genotzt. Dat äntwert d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro zum Theema vun der LSAP.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Bal 300.000 medezinesch Acte wieren Enn d‘lescht Joer zum Beispill iwwer de sougenannte PID iwwerholl ginn. Bei den Zännbehandlunge waren et der bal 60.000. Parallel geet de klassesche Remboursement zeréck. 

Beim sougenannte PID mussen d'Patient:inne just nach déi eege Participatioun bezuelen. E gouf am Hierscht virun 3 Joer agefouert.