Normalerweis wier de Paul Krier, deen de beléifte Fussball-Site FuPa-Lëtzebuerg bedreift, och selwer a Georgien. Hie war allerdéngs ee vun deene Fans, deenen hire Charter-Vol aus finanzielle Grënn annuléiert gouf.
Dat war organisatoresch déi eenzeg Méiglechkeet fir hie gewiescht beim Match zu Tiflis kënnen dobäi ze sinn. Doraus eng Rees vu fënnef-sechs Deeg ze maachen, wéi aner Fans dat maachen, wier fir hie leider net a Fro komm.
Hie selwer hätt d’Land nach ni esou am Fussball-Féiwer erlieft. Net nëmme wiere fir den Owend iwwerall am Land Public Viewingen, deelweis esouguer vu Basketball-Veräiner organiséiert, mee och ganz vill Caféë wieren ausgebucht.
“Genie a Wansinn” beim Gerson Rodrigues
Grouss Hoffnunge setzt och de Paul Krier op de Stiermer Gerson Rodrigues. Wéi an Däitschland gesot gëtt, géife beim Lëtzebuerger Starspiller de “Genie und Wahnsinn” no beienee leien.
De Gerson Rodrigues kéint Matcher entscheeden, a wann hien den Owend esou spillt wéi am Moment bei sengem neie Veräi Slovan Bratislava, da kéint hie fir Lëtzebuerg decisiv sinn.
A wéi ass de Géigner vun den Owend, Georgien, anzeschätzen? Och fir si ass et nämlech eng historesch Méiglechkeet sech fir en éischte groussen Tournoi ze qualifizéieren. Iwwer seng Kontakter hätt de Lëtzebuerger Superfan erausfonnt, datt och d’Georgier vun enger komplett ausgeglachener Partie géifen ausgoen. Weder Lëtzebuerg nach Georgien hätte bis ewell esou e wichtege KO-Match gespillt. An en decisiivt Eelef-Meter-Schéisse wiere béid Länner och nach net involvéiert gewiescht.
“Eis Spiller kënne mëttlerweil mat groussem Public ëmgoen”
D’Partie vun den Owend ass bekanntlech zu Tiflis, wou de Boris-Paitschadze-Nationalstadion bis op déi lescht Plaz wäert besat sinn. Fir de Superfan Paul Krier hätt Lëtzebuerg mëttlerweil awer genuch Spiller, déi an hiren auslännesche Veräiner beandrockend Atmosphäre gewinnt sinn, sief dat bei St. Pauli, Spartak Moskau, Rapid Wien oder nach Bastia.
De Bedreiwer vu FuPa-Lëtzebuerg gëtt net gär Tippen of. Egal wéi, géif et den Owend eng ganz enk Geschicht ginn, mengt hien.