Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Massiven Afflux vu Patienten am Escher CHEM

Vill Bréch goufen diagnostizéiert

Massiven Afflux vu Patienten am Escher CHEM

Bis kuerz viru Mëtteg goufen uechtert d’Land eng 77 Fäll vu Leit notéiert, déi op Grond vum Glatäis gefall waren. Ronn dräi Véierel vun deene Fäll goufen eleng am CHEM zu Esch enregistréiert, huet den Dr. Patrick Nrecaj, Chef vun den Urgencen do, betount.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Roentgen | © picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd play_arrow
Roentgen (Foto: picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd)

An der Mëttesstonn hat de Generaldirekter vum CGDIS, Paul Schroeder, erkläert, datt tëscht dem fréie Moien a kuerz viru Mëtteg uechtert d’Land eng 77 Fäll vu Leit notéiert goufen, déi op Grond vum Glatäis gefall waren. 

An den Ae vum Medezinner wier d’Populatioun iwwerrascht gi vum Glatäis an d'Leit wieren trotz de Warnungen erausgaangen, aus Noutwendegkeet eraus, zum Beispill wéinst der Aarbecht. Dat hätt e massiven Afflux vu Patienten am Escher CHEM no sech gezunn an et wiere virun allem Bréch diagnostizéiert ginn, mee net nëmme vu Féiss an Äerm.

“Énormément de fractures, des fractures à opérer, des fractures des membres supérieurs, des poignets, fractures du bassin chez les vieilles personnes qui sortent malgré tout pour faire leurs commissions. Fort heureusement pour nous, les écoles avaient été suspendues ce matin ce qui a permis d’éviter beaucoup de problèmes supplémentaires. Bon, toutes les équipes du CHEM sont mobilisées pour la prise en charge de chacun des patients, avec des indications opératoires, et c’est vrai que ça mobilise beaucoup l’hôpital."

Den Dr. Patrick Nrecajplay_arrow

An d’Urgencë vum CHEM zu Esch wären eng 60 Leit méi komm wéi op engem normalen Dag, sou de Chef vun deenen Urgencen. D’Ekippe wiere wuel preparéiert op e weideren Afflux vu Patienten an et géif ee säi Bescht maachen, mee wann d’Wiederkonditioune muer sou bléifen, da misst sech organiséiert ginn. Konkret misst driwwer nogeduecht ginn, ob d’Schoulen net och nach muer sollten zoubleiwen.