Op der Plaz siche Rettungsekippen an d‘Arméi no Iwwerliewenden.
Biller erënneren u fréier Katastrophen
Et si Biller, déi ganz staark un den Tsunami vun 2004 am Indeschen Ozean erënneren: Um Mëttwoch huet wuel eng Gletscherlawin am Himalaya, am Grenzgebitt tëschent Nepal an Tibet, eng Risewell aus Waasser, Bulli an Debrisen ausgeléist, wouduerch et en Äerdbiewe vun der Stäerkt 5,2 gouf, a massiv Buedem gerëtscht ass.
D’Biller vun enger Iwwerwaachungskamera si beandrockend a loossen net vill Hoffnung fir d’Vermësste vun do zou. Eng brongelzeg Well léisst an nëmmen e puer Sekonnen e Gebai vun enger hallwer Dose Stäck verschwannen, iwwerdeems Leit probéiere fortzelafen.
Donieft gesäit ee Camionen, déi ewechgedréckt ginn, wéi wann et Vëloe wieren. Dosende Kilometere méi wäit gi Brécken an zwee gediebelt, wéi wa se aus Pabeier wieren. Net ze schwätze vun Haiser, déi vun der Gewalt vun der Well einfach matgerappt ginn.
Wëssenschaftler wëllen elo erausfannen, awéiwäit de Klimawandel d’Warscheinlechkeet vun esou extreemen Evenementer erhéicht.
International Hëllef
D’Touristen, déi vermësst ginn, sinn an der Haaptsaach Wanderer, déi beispillsweis op de Mount Everest wëllen.
Eng 240 Persoune konnte mat Hëllef vun Helikoptere gerett ginn. Den Dalai Lama huet virum Hannergrond vun der Katastroph dozou opgeruff, fir d’Affer ze bieden. D’Autoritéiten am Nepal hu virun enger méiglecher zweeter Well gewarnt.
Nepal an den Tibet kruten direkt international Hëllef proposéiert. Dat vun den USA, der Europäescher Unioun, Indien an dem Internationale Roude Kräiz. Fir vill Leit wäert déi awer ze spéit kommen.
Keng Lëtzebuerger betraff
Op Nofro hin huet de Lëtzebuerger Ausseministère eis matgedeelt, keng Kenntnis ze hu vu Landsleit an der Regioun.